GazasträifHeftegst israeelesch Loftattacken zanter Woche kaschten op d'mannst 32 Mënscheliewen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert den Doudesaffer wieren och 3 Kanner.
© BASHAR TALEB/AFP

Bei israeeleschen Loftattacken op d’Gazasträif sinn op d’mannst 32 Persounen ëm d’Liewe komm. Dat mellt de palestinensesche Zivilschutz. Am Norden wier eng Policestatioun attackéiert ginn bei där 14 Leit ëmkomm sinn, a weider 7 Doudesaffer hätt et ënnert anerem am Süde vun der Gazasträif ginn, wou en Zelt beschoss gouf.

D’israeelesch Arméi huet iwwerdeems matgedeelt, si hätte Kommandanten an Infrastrukturen vun der Terrororganisatioun Hamas am islameschen Dschihad an der Gazasträif attackéiert.

Et war eng vun den déidlechsten Attacken zanter dem Ufank vun der Wafferou den 10. Oktober 2025.

Internationalen Noriichteniwwerbléck vum 31. Januar 2026
Dat Wichstegst aus der Welt kuerz zesummegefaasst.

Back to Top
CIM LOGO