Resultat: HausperquisitiounHond vun der Police entdeckt Droge bei Passanten zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 19 Auer gouf zu Ettelbréck op der Gare eng Droge-Kontroll mat Hëllef vun engem Policehond duerchgefouert.
Den Drogenhond Balto vun der Lëtzebuerger Douane.
Den Drogenhond Balto vun der Lëtzebuerger Douane.
© Administration des douanes et accises

Bei zwee Passanten huet den Hond dunn och tatsächlech ugeschloen, sou dass d’Persoune kontrolléiert goufen. Bei enger Persoun gouf eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt, bei der anerer Persoun sinn e puer Bullen Haschisch a Boergeld zum Virschäin komm. Bei enger Hausperquisitioun bei der lescht genannter Persoun, goufen dunn nach eemol eng kleng Quantitéit Haschisch, en Handy a weider Drogenutensilie fonnt.

De Parquet huet d’Festnam vum Mann ordonnéiert a koum och e Samschdeg de Muere virun den Untersuchungsriichter. Handy, Boergeld, Drogen a Geschier gouf saiséiert. Déi aner Persoun gouf protokolléiert, konnt de Policebüro awer kuerz drop verloossen.

Back to Top
CIM LOGO