Accident wärend AsazAccident tëscht der Police an engem Automobilist op der Côte d'Eich

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 20:20 Auer koum et op der Kräizung tëscht der Côte d’Eich an der Rue des Glacis an der Stad zu engem Accident.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Policebeamte waren am Kader vun engem Asaz mat der Bloer Luucht a Sireenen un op der Côte d’Eich a Richtung Eech ënnerwee, wéi d’Beamte mat hirem Auto en aneren Auto ze pake kritt, deen aus Richtung Eech an d’Rue des Glacis abéie wollt. Béid Auto krute sech op der Héicht vun der Bäifuerersäit, respektiv der Chauffeurssäit ze paken.

De Police-Won ass dono géint e Luuchtepotto gerannt an ass dunn un d’Stoe komm. Béid Poliziste goufe beim Accident liicht blesséiert a si kuerz drop fir eng medizinesch Ënnersichung an d’Spidol komm. Den anere Chauffeur gouf éischten Informatiounen no net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO