Nei Trajectoire fir d’Evolutioun vun den DefenseausgabenRegierung trëppelt par rapport zu Nato-Engagement op d’Brems

Michèle Sinner
D’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes huet um Mëttwoch eng nei Trajectoire fir d’Entwécklung vun den Defenseausgabe fir déi nächst dräi Joer virgestallt.
© JONATHAN RAA/NurPhoto via AFP

Den Nato-Partner huet si versprach, d’Defense-Ausgaben “au sens strict” bis 2035 op 3,5 Prozent vum Revenu national brut (RNB) ze erhéijen. Plus 1,5 RNB-Prozent Ausgabe fir d’Defense au "sens large" dobäi - tutti quanti sollt et vun elo zwee op fënnef Prozent vum RNB erop goen. Ma wéi ee géing dohi kommen, war bis elo net esou genee gesot ginn.

Am Juli ass Nato-Sommet an der Tierkei. An do muss Lëtzebuerg eng “kredibel Trajectoire” virleeën, esou President vun der Defensekommissioun, Marc Hansen. “Déi kredibel Trajectoire gesäit elo mol vir, dass 2027 0 ,1 % bäikommen. 2028 och nach eng Kéier. 2029 och nach eng Kéier. An da géif gekuckt ginn, mat der NATO, déi jo och 2029 gesot huet, dass se géifen eng Evaluatioun maachen, eng Midterm Review, géife mer dat dann och eng Kéier aschätzen an deen dote Wee ass elo mol bis 2029 vun der Regierung decidéiert ginn.”

Jeeweils plus 0,1 Prozent derbäi iwwer dräi Joer. Dat wieren déi “kleng Schrëtt”, vun deenen de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun geschwat hat. Sou géif een och der nächster Regierung, déi 2028 gewielt gëtt, net ze vill virgräifen, esou de Marc Hansen. D’Nancy Arendt vum Koalitiounspartner CSV huet dofir Versteesdemech, ma gëtt ze bedenken:

“Allerdéngs sinn dat dote fest Verspriechen, déi mer geholl hunn. Dat wëll awer net heeschen, datt déi Entwécklung, wou mer eis géif hunn, 0 ,1 % linear muss sinn.”

No 2029 kéint ee jo eng Schëpp bäileeën.

Déi Gréng Deputéiert Sam Tanson hieft bei dëser Annonce zwee Aspekter ervir.

“Dat eent ass dee méi finanzpoliteschen, wou lo da Suen agepreist ginn, déi am Fong bis elo net virgesi waren a wou ee klore Réckschrëtt ass par rapport zu deem eegenen Engagement. Dat ass ee Constat, deen ee muss maachen. Dës Regierung huet sech op 3 ,5 Prozent engagéiert. Wann een déi Progressioun, déi elo virgesinn ass, wann een déi elo weiderzitt, da lande mer bei 3 ,5 Prozent 2041 an net 2035 wéi den Engagement.”

Problematesch fannen déi Gréng dat awer net.

“Ech muss awer soen, ech fannen et positiv, dass elo hei eigentlech e bëssen zréckgeruddert an zréckgeschrauft gëtt, dass ee méi ofwaart an net einfach massiv Suen an eng Rüstungsindustrie gestach ginn. Dat ass eng Entwécklung, déi eis wierklech Suerge gemaach huet, fir do einfach global ze soen, mir mussen op massiv Montante goen. Duerfir fanne mir dat doten éischter positiv.”

D’Liz Braz vun der LSAP mengt, et wär schwiereg ginn an esou kuerzer Zäit esou vill Suen z’investéieren - 2029 léngen déi reng Defenseausgaben bei iwwert 1,6 Milliarden Euro d’Joer.

“Ech spieren awer och e bëssen aus deenen Erklärungen eraus, dass ee warscheinlech domadder rechent, dass bis 2029, 2030 geopolitesch an och wat de Leadership eventuell op där anerer Säit vum Atlantik ugeet, nach e bësse Changementer wäerten op eis duerkommen. An dass een an der NATO warscheinlech, an dat wäert net nëmme Lëtzebuerg betreffen, an och eng Rei aner Länner, e bëssen dorop spekuléiert, dass mat engem Changement vum President an Amerika an deenen nächste Jore sécher bei der NATO och erëm Ännerunge wäerte matkommen.”

Datt d’Regierung op e Wiessel am Wäissen Haus hofft, där Meenung ass och den ADR-Deputéierten Tom Weidig. Mee d’Nato wier eng Gemeinschaft, do misst Lëtzebuerg oppassen, sech net z’isoléieren. Hien seet awer och, fir eng effektiv Verteidegung géinge Waffen eleng net duer goen.

“Mee dat, wat dat Allerwichtegst ass, datt een eng staark a flexibel Ekonomie huet, datt een eng rational Energiepolitik huet, datt een haut autark ass an der Energiepolitik, datt een Energiepräisser huet, déi relativ niddreg sinn an datt een haut e staarkt national Gefill huet. Also Gemeinsamkeeten, wou och Leit soen, do lount et sech derfir ze kämpfe fir d'Fräiheet. An déi dräi Saachen si se ganz, ganz wichteg. An ech gesinn, datt d'Regierung do an déi falsch Richtung geet.”

Ma wann d’Defense-Ausgabe manner séier klamme wéi gefaart, ass vläicht nees e bësse Sputt am Finanzminister Gilles Roth sengem Portmonni, fir der Regierung hir aner Projeten.

Back to Top
CIM LOGO