Ungarn gëtt seng Blockad opEU gëtt virleefeg Gréng Luucht fir Kredit vun 90 Milliarden Euro un d'Ukrain

AFP, iwwersat vun RTL
Kuerz virun der Eenegung zu Bréissel war et d'Nouvelle, dass d'Ukrain d'Druschba-Pipeline nees fir Uelegliwwerungen a Richtung Ungarn a Slowakei opgemaach huet.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

E Mëttwoch hunn d'EU-Memberlänner zu Bréissel fir e Prêt an Héicht vun 90 Milliarden Euro un d'Ukrain gestëmmt. D'Ambassadeure vun de 27 Länner hunn déi dofir néideg Upassung vum EU-Budget gestëmmt. Dat huet d'Spriecherin un der zypriotescher EU-Rotspresidentschaft matgedeelt. D'Decisioun muss elo nach an enger schrëftlecher Demarche definitiv vun den EU-Länner ugeholl ginn.

Ungarn hat wärend Méint en Deblockéiere vum Kredit un d'Ukrain blockéiert.

Kuerz virun der Eenegung zu Bréissel war et d'Nouvelle, dass d'Ukrain d'Druschba-Pipeline nees fir Uelegliwwerungen a Richtung Ungarn a Slowakei opgemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO