
D’Hisbollah huet eegenen Aussoen no den Norde vun Israel ugegraff. Dëst als Reaktioun dorobber, datt Israel de Waffestëllstand, deen 10 Deeg sollt daueren, net respektéiert huet.
An engem Schreiwes vun der Hisbollah heescht et, datt hir Kämpfer Rakéiten an Dronen op eng Militärbasis am Norde vun Israel lancéiert hunn. Vun dësem Site aus hätt Israel en Duerf am Süde vum Libanon mat Artillerie beschoss. Am Schreiwes präziséiert d’Miliz, datt een “an der Defense vum Libanon a vu senge Bierger” gehandelt hätt an eben als Reaktioun dorobber, datt Israel d’Wafferou net respektéiert huet. Der Hisbollah no hätten d’Attacke vun Israel “d’Wunnengen an d’Dierfer vun Zivilisten zerstéiert”.
Dat israeelescht Militär hat am Laf vum Dënschdeg matgedeelt, datt d’Hisbollah “méi Rakéiten lancéiert” hätt, dat op Zaldoten, déi am Süde vum Libanon stationéiert wieren. Dat israeelescht Militär hätt eegenen Aussoen no op déi Attacke reagéiert. Et wieren och an zwee israeeleschen Dierfer am Norde vun Israel d’Alarme gaangen, ma d’Dron aus dem Libaon konnt ofgefaange ginn, éier se d’Grenz passéiert hat.