
E Syrer, dee virun zwee an engem hallwe Joer a Baden-Württemberg e Mann mat engem Messer attackéiert a blesséiert huet, dierf aus Däitschland ausgewise ginn. D'Verwaltungsgeriicht zu Karlsruhe huet e Mëttwoch tranchéiert an decidéiert, dass d'Decisioun vum Regierungspräsidium Karlsruhe, de Mann ze expulséieren, bestoe bleift. Den Täter wier eng Gefor fir d'ëffentlech Sécherheet.
De Mann war 2015 mat eelef Joer zesumme mat sengem eelere Brudder an Däitschland komm, an als Flüchtling unerkannt ginn. Hie krut eng Openthaltsgeneemegung, déi ursprénglech bis Mëtt August vun dësem Joer gaange wier. 2023 huet den, zu dësem Ament drogesüchtege Mann, no engem Sträit en anere Mann an den Haff vun engem Café gelackelt an him do e puer Mol mat engem Messer an de Réck gestach. D'Affer huet schwéier blesséiert iwwerlieft.
De Mann gouf doropshin zu enger Jugendstrof vu véier Joer an néng Méint verurteelt an et gouf festgehalen, dass hien, nodeems hien aus dem Prisong entlooss gouf, an enger Statioun fir Leit, déi en Entzuch maachen, sollt liewen. Aktuell lieft de Mann dann och an esou enger. Dat däitscht Bundesamt fir Migratioun huet dem Mann doropshin de Flüchtlingsstatut oferkannt. Well et deen Ament awer e Verbuet vun Expulsiounen a Syrien gouf, konnt de Mann fir d'éischt emol an Däitschland bleiwen.
D'Regierungspräsidium Karlsruhe hat festgehalen, dass de Mann géif expulséiert ginn, wann dëst Verbuet bis opgehuewe wier. De Mann huet géint dës Decisioun geklot, krut elo awer virum Verwaltungsgeriicht onrecht. D'Urteel ass aktuell nach net rechtskräfteg an de Mann kann nach eng Demande op en Appell areechen.