
No de provisoresche Resultater läit seng konservativ Bhumjaithai-Partei kloer virun der reformistescher People’s Party, obwuel Ëmfroen am Virfeld eng aner Entwécklung virausgesot haten.
No ronn 90 % gezielte Stëmmen soll d’Bhumjaithai-Partei 194 vun 500 Sëtzer am Parlament kréien, wärend d’People’s Party op 116 Sëtzer kënnt. Hire Parteichef Natthaphong Ruengpanyawut huet d’Néierlag indirekt zouginn a sech bereet erkläert, an d’Oppositioun ze goen, falls den Anutin eng Regierung forméiere kann.
D’Wale goufen no enger Serie vu Koalitiounen ofgehalen, déi an de leschten dräi Joer zu dräi verschiddene Premiere geféiert haten.