
Gutt siwe Joer no heftegen Ausschreidunge bei Demonstratioune vun de sougenannte Gilets jaunes zu Paräis huet e Prozess géint néng Poliziste wéinst iwwerméisseger Gewalt ugefaangen. Fir den Optakt vum Prozess huet d’Geriicht de Beamte vun de franséische Compagnies Républicaines de Sécurité (CRS) verbueden, an Uniform viru Geriicht z’erschéngen, wat aacht vun hinne virop gemaach haten. De Parquet reprochéiert de Polizisten, Demonstrante mat Matraquen attackéiert a mam Fouss gerannt ze hunn.
Den Héichpunkt vun den Ausschreidunge war op engem Samschdeg am Dezember 2018. Ënnert anerem haten d’Demonstranten den Arc de Triomphe zu Paräis beschiedegt. D’Police hat an der Géigend vill Tréinegas agesat, wouropshin ee Grupp vun Demonstranten an e Fastfood-Restaurant geflücht sinn, deen zou war. D’Beamten haten den Uerder, de Burger King zur Nout mat Gewalt ze raumen. Der Uklo no sollen d’Polizisten awer och op Demonstranten ageschloen hunn, déi sech net donieft beholl haten. Vun enge 5.500 Leit, déi zu Paräis demonstréiert haten, waren der 318 festgeholl ginn. 263 Leit goufe blesséiert, dorënner 23 Sécherheetsleit.
Den Affekot vun de Poliziste verdeedegt hiren Ëmgang mat “aussergewéinlechen Ëmstänn”. “Menge Clientë stoungen Honnerte vun Demonstrante géigeniwwer, déi immens gewalttäteg waren”, betount de Laurent-Franck Liénard. Fir den Affekot vun den Affer, den Arié Alimi, wier d’Policegewalt wärend de “Gilets jaunes"-Maniffe besonnesch markant gewiescht. D’Gewalt vun de Beamte géing “d’Brutaliséierung vum Asaz”, fir déi “ëffentlech Uerdnung” weisen, erkläert den Alimi.
E puer Méint no den Ausschreidungen hat den Europarot an déi deemoleg UN-Mënscherechtskommissärin Michell Bachelet Frankräich opgeruff, sech beim Asaz vu Gewalt géint Demonstranten zréckzehalen. Besonnesch ëmstridde war deemools den Asaz vu Gummi-Munitioun.
D’Protester vun de Gilets jaunes 2018 hate sech virun allem géint héich Liewenskäschten a sozial Ongerechtegkeet geriicht.