
Den Elon Musk leet de Fokus vun den zukünftege Projeten elo op de Mound a wëll hei eng Stad opbauen, déi vum selwe wiisst. Wat genee hien domadder mengt, ass net gewosst. Dat wier bannent 10 Joer realistesch, mengt den Elon Musk, iwwerdeem dat selwecht um Mars éischter 20 Joer oder méi géif daueren.
Hien erkläert, dass een nëmme kéint op de Mars reesen, wann all 26 Méint d’Planéite richteg ausgeriicht wieren. D’Rees eleng géif da 6 Méint daueren. Fir op de Mound kéint een all 10 Deeg starten, woubäi hei d’Rees just 2 Deeg dauert. Deemno kéint een hei vill méi séier testen, verbesseren an entwéckelen. Eng Moundstad wier also och vill méi séier ze realiséiere wéi eng Stad um Mars.
De Projet vun enger Stad um Mars géif een awer net aus den Ae verléieren, et géif een dat an den nächste 5 bis 7 Joer ugoen.
Déi absolutt Prioritéit géing drop leien, d’Zukunft vun der Zivilisatioun ze sécheren, an dat géif méi séier via de Mound goen.