
Nodeems bei der Police vu Bernkastel-Kues kuerz virun 18 Auer e Samschdeg eng Meldung vun engem haarde Knall eragaangen ass, huet sech erausgestallt, datt de Kaméidi vun engem Hausboot op der Musel ausgeléist gouf, dat sech vu senger Stellplaz geléist hat. D’Pompjeeë goufen direkt informéiert a si mat zwee Booter ausgeréckt, fir d’Hausboot ofzeschleefen, wat hinne kuerz viurun der Schleis zu zu Zeltingen-Rachtig gelongen ass.
Doropshi gouf d’Hausboot an den Hafe vu Kues bruecht. Ënnerstëtzt goufen d’Pompjeeë vum Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt a vun der Wasserschutzpolizei vun Tréier, déi béid mat engem Boot op der Plaz waren.
Fir d’Dauer vum Asaz gouf d’Musel am betraffene Beräich fir Schëffer gespaart. Aktuellem Stand no koum et duerch de Virfall weder zu Schued nach zu Blesséierten.
D’Ermëttlungen zur Ursaach goufen iwwerdeems an d’Weeër geleet.