MëttelmierOp d'mannst dräi Doudeger nodeems Flüchtlingsboot mat 50 Leit viru Kreta ënnergeet

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi déi griichesch Hafepolice e Samschdeg matgedeelt hat, konnten 20 Persoune gerett ginn.
Beim Kentern eines Flüchtlingsboots vor der Südküste Kretas sind mindestens drei Menschen ums Leben gekommen. 20 Menschen wurden von einem Handelsschiff gerettet, die Küstenwache suchte derweil nach Vermissten.
D’Boot mat de ronn 50 Migrante wier ëmgetippt, wéi dës op en Handelsschëff klamme wollten, dat hinnen zu Hëllef komm ass.
© AFP

Insgesamt solle griichesche Medien no 50 Leit um Boot gewiescht sinn. Op d’mannst dräi Persoune si sécher dout. Déi gerett Migrante sollen haaptsächlech aus Ägypten an dem Sudan kommen, ënnert hinne wieren och véier Mannerjäreger gewiescht sinn, heescht et.

D’Ongléck soll genee an deem Moment geschitt sinn, wéi en Handelsschëff, dat vun der griichescher Séinoutrettung geschéckt gouf, dem Holzboot méi no komm ass. Wéi d’Migrante versicht haten, iwwer Leederen op d’Schëff ze klammen, wier d’Boot duerch eng plëtzlech Beweegung bemol gekentert.

Vun de griichesche Côte-garden heescht et, datt no de Vermësste mat véier Patrullebooter, engem Fliger an zwee Schëffer vun der europäescher Grenzschutzautoritéit Frontex gesicht gouf.

Am selwechte Gebitt gouf iwwerdeems en zweet Boot mat ronn 40 Migranten entdeckt, wat eng weider Rettungsaktioun ausgeléist huet. Zanter méi wéi engem Joer verischen ëmmer méi Migranten, vu Libyen aus op déi griichesch Insel Kreta a vun do aus an d’EU ze kommen. D’Rees dohinner gëlt allerdéngs als immens geféierlech.

Dem UN-Flüchtlingshëllefwierk UNHCR no koumen zejoert méi wéi 16.770 Migranten op Kreta un, däitlech méi wéi op allen aneren Inselen an der Ägäis. Insgesamt 107 Leit sinn 2025 dobäi ëm d’Liewe komm oder gëllen als vermësst.

Back to Top
CIM LOGO