
De Brand am Bësch vu Fontainebleau net wäit vu Paräis, dee sech e Méindeg den Owend weider ausgebreet hat, huet bannent 24 Stonne méi wéi 1.300 Hektar verwüüst. Neien Zuelen no, déi e Méindegmoie verëffentlecht goufen, ass déi ofgebrannte Fläch iwwert d'Nuecht op 1.900 Hektar geklommen. Zwou Persounen, déi ënner Verdacht stinn, de Brand ausgeléist ze hunn, goufe mëttlerweil festgeholl, sot de franséischen Inneminister.
Den Haapt-Brennpunkt, deen um spéide Sonndegowend ausgebrach war, hat "1.200 Hektar" zerstéiert an den zweeten, deen e Méindeg kuerz viru 15 Auer am Gebitt vun der Faisanderie net wäit vun der Stad Fontainebleau mat hire 15.000 Awunner, hat och "schonn 100 Hektar affektéiert", sou de Laurent Nunez op France 2. An der Nuecht sinn dann nach eemol 600 Hektar dobäi komm.
Dëse Brand, dee grad déi "gréng Long" vu Paräis zerstéiert, ass ee vun den dräi gréissten, deen et an der nërdlecher Hallschent vum Land an de leschren 20 Joer gouf. "Jidderee schafft mat engem eenzegen Zil: dëst Feier anzedämmen", huet de Prefet vu Seine-et-Marne Pierre Ory e Méindegnomëtteg virun der Press gesot, wou d'Asazleedung hiert Lager opgeschloen huet.
Wéi d'Prefektur matgedeelt huet, "sinn aktuell keng Affer ze bekloen an déi materiell Schied si bis elo nach ganz kleng".

Wéinst dem aussergewéinlechen Ausmooss vum Brand war den Asaz vu véier Candair-Läschfligeren, eng Première am Groussraum Paräis, sou wéi vun zwee sougenannten Dash-Fligeren an dräi Läschhelikopteren onbedéngt néideg.
Am Laf vum Dag gouf sou 187x Mol Waasser op de Brand erofgeheit, dat huet de Chef vun de Rettungsmoossname Jean-Marc Sicard e Méindeg den Owend festgehalen. Bei Abroch vun der Däischtert wieren nach ronn 600 Pompjeeën am Asaz gewiescht, déi sech ofwiessele géifen, fir d'Flamen um Buedem ze bekämpfen.
"D'Feier breet sech weider aus", well d'Wiederbedéngungnen e Méindeg den Owend weiderhin "net ganz gënschteg" wier, obwuel et sech eigentlich liicht berouegt hätt, sou de Sicard. Ma souguer wann d'Feier bis ënner Kontroll bruecht gouf, wäert et nach e puer Deeg oder souguer Wochen daueren, bis de Brand komplett geläscht ass a séchergestellt ass, datt en net nees opflaamt, huet d'Prefektur Seine-et-Marne op en Neits an engem Bericht ëm 22 Auer um Méindegowend erkläert.
De Brand kéint "virsätzlech geluecht" gi sinn, dat well "ronn zéng Brandhäerd an engem Ëmkrees vun 1.000 Meter" entdeckt goufen, sou den inneminister e Méindeg den Owend, wéi hien d'Festnam vun zwee Verdächtegte bekannt gemaach huet. De Parquet vu Fontainebleau gouf ageschalt. Landeswäit goufen aktuell schonn 59 Persoune wéinst "virsätzlecher oder expresseger Brandstëftung" festgeholl, vun deene siwen an Untersuchungshaft sëtzen, huet den Nunez weider erkläert.
