
Wéinst enger Rei Cyberattacken hunn d'EU a Groussbritannien nei Sanktioune géint Russland verhaangen. D'EU huet 9 Mënschen a 4 Ariichtungen op hir Sanktiounslëscht gesat, wärend Groussbritannien 24 Persounen an Institutiounen an d'Viséier geholl huet. Do drënner wieren ënnert anerem héichrangeg Mataarbechter vum russesche Geheimdéngscht GRU a presuméiert Cyberkrimineller, déi mat staatlechen Ariichtungen zesummeschaffen. Zu Berlin huet d'Auswärtige Amt iwwerdeems de russeschen Ambassadeur wéinst Cyberugrëffer abestallt. Esou Attacken op Partner an der EU an op d'Ukrain wieren "inakzeptabel" a géifen "decidéiert" beäntwert ginn.
Laut Bréissel a London handelt et sech ëm den éischte gemeinsame Pak u Sanktiounen, déi speziell wéinst Attacken am Internet decidéiert gi sinn. Zu de Moossname gehéieren Areesverbueter an d'Afréiere vu Verméigen. Ënnert de Betraffene wier och e Grupp, dee sech zu Aktioune bekannt hat, mat deenen 2024 déi Olympesch Spiller zu Paräis hate sollen destabiliséiert ginn.
Fir déi éischte Kéier hunn d'EU a Groussbritannien gemeinsam de 16. Zentrum vum russesche Bannen-Geheimdéngscht FSB fir e versichten Ugrëff op wichteg Infrastruktur a Polen responsabel gemaach. D'Attack géint dat polnescht Stroumnetz war zwar net gelongen, hätt awer an engem Wanter potenziell 500.000 Mënsche vun der Stroumversuergung kënnen ofschneiden.
Nieft Däitschland wëllt och Frankräich an den nächsten Deeg de russeschen Ambassadeur abestellen. D'Fransousen hunn hir Ofwier esou verstäerkt a moderniséiert, datt se elo iwwert ee vun de beschte Systemer an Europa verfügen. Domat kéinte souguer Desinformatiounscampagnen erkannt ginn, déi den Ausgang vu Wale solle beaflossen. Iwwerdeems war et wéineg méi spéit d'Nouvelle, datt den däitschen Ambassadeur op Moskau abestallt gi wier, sou de russeschen Ausseministère, ouni en direkte Grond ze nennen.