Den Nicolas Weber beschreift den digitalen Euro als "digital Form vun Ärem Portmonni, deen Dir op Ärem Telefon hutt oder eventuell och op enger physescher Kaart." D'EZB wëll den Déngscht Ufank 2029 aféieren. All Butteker solle souwuel Boergeld wéi och digital Euroen unhuele mussen. An et kann ee sech géigesäiteg digital Euroen hin an hier schécke kënnen.
Et soll een den digitalen Euro gratis bei senger Bank kréien: "Den digitalen Euro wäert fir déi basic Services, wéi mir se nennen, gratis sinn." Och bei elektronesche Bezuelungen iwwert de digitalen Euro géife keng zousätzlech Käschte fir d'Endbenotzer entstoen. Wéi beim Bezuele mat der Kaart wäert de Commerçant Fraisen hunn, mee "déi Fraisen, déi haut un international Kreditkaarte-Firme ginn, wäerten ewechfalen, well den Eurosystem keng Fraise fir dee Service zwëschent de Banke wäert froen."
Ee Grond fir d'Aféierung wier d'Tatsaach, datt "déi meeschten Zuelungen, iwwer 70 Prozent, op Systemer lafen oder vu Societéiten ugebuede ginn, déi net europäesch sinn. Dat bedeit, datt d'Käschten an d'Revenuen, déi mat Bezuelungen zesummenhänken, net an Europa bleiwen, an och de Contrôle iwwert déi Facilitéit ze bezuelen, ass net an europäescher Hand." Et géif net drëm goe fir iergendeen ze verdrängen, mee fir eng europäesch Alternativ ze hunn, fir kënnen an alle Fäll och selbstänneg an deem Beräich vun de Payementer ze agéieren.
Op d'Fro vun der Privatsphär ënnersträicht den Nicolas Weber: "Haut, wann ech mat Boergeld bezuelen, ass dat anonym. Dat ass ganz kloer. An eng digital Transaktioun ass ni honnertprozenteg anonym.“ D'Banken hätten aus reglementaresche Grënn weiderhin Zougank zu den néidegen Informatiounen. Allerdéngs: "Den Eurosystem kritt keng Informatioun iwwert d'Payementer. Et ass net 100 Prozent anonym, wéi beim Boergeld. Mee et ass vill méi anonym, wéi all aktuell Zuelungen, déi iwwer Kaarte kënne gemaach ginn."
Wann eng Kéier keen Internet, keen Handysreseau oder keen Elektresch do ass, kéint een an Zukunft nach weider bis zu engem gewësse Montant Payementer maachen. Zousätzlech sollen dës Offline-Transaktiounen dann och "komplett anonym sinn, wéi dat beim Boergeld de Fall ass." Fir d'Inklusioun ervirzehiewen, betount de Weber, datt et an Europa nach ëmmer Leit gëtt, déi kee Bankkonto hunn. Den digitalen Euro soll dëse Mënsche mat enger "Kaart, déi een opluede kann", d’Méiglechkeet ginn, digital zu bezuelen. Domat kéint jiddereen u wirtschaftleche Prozesser deelhuelen, wat en Inklusiounsprojet duerstellt.
Trotz der Aféierung vum digitalen Euro stellt den Nicolas Weber kloer, dass et "absolutt keng Initiativ gëtt, fir d'Boergeld ofzeschafen. D'Boergeld ass a bleift wichteg. Et ass just natierlech u jidderengem vun eis, fir et och ze benotzen." Wat d'Limitten ugeet, gëtt et eng sougenannt "Holding Limit", also eng Begrenzung vu wéi vill digitalen Euro ee gläichzäiteg op sengem Wallet hale kann. "Déi Limitt ass nach net festgeluecht." Fir d'Bezuelunge selwer soll et awer keng Limitt ginn: "D'Iddi ass, datt wann ech eppes wëll kafen, wat méi deier ass wéi déi digital Euroen, déi ech op mengem Wallet hunn, da gëtt de Rescht, deen op mengem Wallet feelt, vum normale Konto nogeschoss."
Méi zum Theema Boergeld gëtt et am Pisa: wéi d’Zentralbank Euroschäiner kontrolléiert a wat ee maache kann, wann engem mol e Schäi futti fiert.