Neesopbau vun der GazasträifDonateure stellen iwwer 800 Milliounen Euro an Aussiicht

AFP, iwwersat vun RTL
Ronn néng Méint nom Akraafttriede vun enger Wafferou an der Gazasträif bereede sech d'EU an international Partner op en Neesopbau vun der Gazasträif vir.
Rund neun Monate nach Inkrafttreten einer Waffenruhe im Gazastreifen bereiten sich die EU und internationale Partner auf den Wiederaufbau in dem Palästinensergebiet vor.
© AFP

Am Kader vun enger internationaler Donateurskonferenz zu Bréissel huet d'EU-Kommissioun en "éischte Pak" an Héicht vu ronn 884 Milliounen Euro an Aussiicht gestallt. D'EU-Ausseminister hunn iwwerdeems rëm schaarf Kritik un der israeelescher Siidlungspolitik am Westjordan geüübt, konnte sech awer net op Sanktiounen eenegen.

Domat d'Mëttel bei de Leit an der Gazasträif ukomme kéinten, "brauche mer elo d'Virausssetzungen op der Plaz", sou d'EU-Kommissärin fir d'Mëttelmier, Dubravka Suica. Zwee wichteg fréi Neesopbai-Projete wieren d'Waasserversuergung an d'Offallwirtschaft.

Gesammelt gëtt d'Finanzhëllef an där vum Suica annoncéierter Initiativ "Team Gaza". Dës soll hëllefen, d'Hëllef vun den EU-Länner an hiren internationale Partner an der Gazasträif ze koordinéieren, esou d'Kommissärin. Nieft Däitschland an aneren EU-Länner sinn och Groussbritannien, Norwegen, Japan an d'Schwäiz Deel vun der Initiativ. Och Vertrieder vun den USA an deem vum Donald Trump an d'Liewe geruffene "Friddensrot" hunn un der entretemps insgesamt zweeter Donateurskonferenz deelgeholl. Méi wéi 60 Delegatioune ware present. Sujet virop war déi finanziell Stabilitéit vun der Palästinensescher Autonomieautoritéit.

Back to Top
CIM LOGO