IranUS-President Trump annoncéiert nees Blockad vun Hormus-Strooss

AFP, iwwersat vun RTL
Op senger Onlineplattform Truth Social schreift den Donald Trump, datt d'USA d'Blockad vun der Hormus-Strooss nees wëllen aféieren a fir déi militäresch Ofsécherung vun dëser och bezuelt wëlle ginn.
Die USA wollen nach den Worten von Präsident Donald Trump die Straße von Hormus "übernehmen" und für die militärische Absicherung bezahlt werden. Das iranische Militär wies die Angaben umgehend zurück.

D'USA wéilten "d'Wiechter vun der Hormus-Strooss" ginn, sou den US-President. D'Arméi géif "d'Schëffer vum Iran oder vun hire Clienten dorunner hënneren, an- oder auszelafen", heescht et weider. Fir alleguer déi aner Frachtschëffer géifen d'USA vun elo un ausserdeem eng Ofgab vun "20 Prozent op alleguer transportéiert Gidder" erhiewen, dat well ee fir de Schutz vun de Frachtschëffer suerge géif. D'Blockad géif direkt ëmgesat ginn.

E Spriecher vun der iranescher Arméi sot an engem Videomessage, Teheran géif d'Agräife vun den USA an der Strooss "ënner kengen Ëmstänn zouloossen". All Zesummenaarbecht vun de Golfstaate mat den USA géif ausserdeem als "Krichshandlung" betruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO