Mord un Ex-MinisteschAnti-Terror-Eenheet vu brittescher Police huet Ermëttlungen ageleet

RTL mat AFP
Am Fall vun der ermuerter Ex-Ministesch Ann Widdecombe huet d'Anti-Terror-Eenheet d'Ermëttlungen iwwerholl.
© GEOFF CADDICK/AFP

Nei Informatiounen an Hiweiser hätten dozou geféiert, dass d'Anti-Terror-Eenheet vun der brittescher Police elo d'Ermëttlunge géing leeden no deem "schreckleche" Mord un der Ann Widdecombe, sou d'Inneministerin Shabana Mahmood op de Soziale Medien.

Déi rietsgeriicht Politikerin, déi och fir de Brexit war, war en Donneschdeg dout an hirem Haus am Südweste vun England fonnt ginn. Hir Läich hätt schwéier Blessuren opweises gehat, sou d'Police.

Den Autoritéiten no wier e presuméierten Täter, deen iwwert de Weekend fräi gelooss gi war, rëm festgeholl ginn. Hie gëtt elo verdächtegt, Terror begaangen, preparéiert oder dozou ugestëft ze hunn.

E Samschdegowend war en 28 Joer ale Britt wéinst Mordverdacht festgeholl ginn, nodeems e 26 Joer ale Verdächtegen erëm fräigelooss gi war. Engem Policespriecher no wier een zum deem Zäitpunkt net vun enger politesch motivéierter Dot ausgaange gewiescht. Zu deem Moment wier och nach net am Zesummenhang mat Terrorismus ermëttelt ginn.

Déi 78 Joer al Ann Widdecombe hat vun 1987 bis 2010 fir déi konservativ Tories am brittesche Parlament gesiess. Si hat sech fir den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU agesat an hat sech 2019 der rietspopulistescher Partei Reform UK ugeschloss.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO