Kolumbianer erschossZweeten Doudege bei ICE-Asaz bannent enger Woch

RTL mat AFP
Réischt de leschten Dënschdeg gouf zu Houston ee Mexikaner vun der ICE-Police erschoss. Dësen Dënschdeg war et elo ee 26 Joer ale Kolumbianer, dee bei engem Asaz vun der US-Awanderungsagence ëm d'Liewe komm ass.
Zum zweiten Mal binnen einer Woche ist ein Mensch bei einem Einsatz der umstrittenen US-Einwanderungsbehörde ICE erschossen worden. Bei dem Opfer handelt es sich laut Hilfsorganisationen um einen 26-jährigen Kolumbianer.
Fir déi zweete Kéier bannent enger Woch gouf eng Persoun bei engem Asaz vun der US-Awanderungsagence ICE erschoss.
© AFP

Fir déi zweete Kéier bannent enger Woch ass e Mënsch bei engem Asaz vun der ëmstriddener US-Awanderungsagence ICE erschoss ginn. De Virfall huet sech e Méindeg an der Stad Biddeford am Bundesstaat Maine am Nordoste vum Land ofgespillt. Beim Affer handelt et sech Hëllefsorganisatiounen no ëm ee 26 Joer ale Kolumbianer.

Wéi de Parquet général vu Maine matgedeelt huet, sollt bei dësem Asaz eng Expulsiounsnotifikatioun duerchgesat ginn. Wéi de Verdächtegte probéiert hätt, mat engem Auto a Richtung vum ICE-Beamten ze flüchten, hätt dëse geschoss, sou de Parquet. Den ICE-Beamte gouf mëttlerweil suspendéiert an d'FBI huet Ermëttlungen an d'Weeër geluecht.

E Spriecher vun der Awanderungsagence huet déi déidlech Schëss confirméiert. De Beamten hätt "aus Suerg ëm déi ëffentlech Sécherheet" op den Auto vum flüchtende Mann geschoss. "De Chauffer vum Gefier gouf getraff an d'Rettungsekippe goufen direkt alarméiert. Hien ass u senge Blessure gestuerwen", sou den ICE-Spriecher.

Den Aenzeie Lucas Scott huet de lokale Medie gesot, hien hätt op d'mannst véier Schëss héieren, nodeems eng Rei ICE-Beamten zu Biddeford ee wäissen Auto ëmkreest hätten. An Online-Netzwierker hu User Videoopname verbreet, déi de Virfall weise sollen.

Zwou Hëllefsorganisatiounen, déi zu Maine fir d'Rechter vun Zouwanderer antrieden, hunn d'Affer als de 26 Joer ale Kolumbianer identifizéiert, ouni dobäi den Numm ze nennen. Hien hätt eng Openthaltserlabnis an den USA gehat, hu si weider erkläert. Säin Doud dierft net zu enger "Foussnout" an de Statistike ginn, huet déi Virsëtzend vun der Organisatioun Present Main Crystal Cron gesot.

An der 23.000-Awunner-Stad Biddeford sinn nom déidleche Virfall Dose Mënschen op d'Strooss gaangen, wou si Schëlder mat Opschrëfte wéi "ICE raus" a "Mäerder" an d'Luucht gehalen hunn. Och de Buergermeeschter huet "kloer Äntwerten" verlaangt.

Et war schonn de véierten Doudesfall bei engem Asaz vun der Agence zanter dem Ufank vum Joer. Réischt de leschten Dënschdeg hat en ICE-Mataarbechter zu Houston am Bundesstaat Textas bei enger Verkéierskontroll op e Mexikaner erschoss, dee méi spéit am Spidol u senge Blessure gestuerwen ass. Am Januar gouf et scho grouss Protester nom Doud vun den US-Bierger Renee Good an Alex Pretti, déi och erschoss goufen. Den Heemechtschutzministère huet sech an de meeschte Fäll op "Noutwier" beruff.

Back to Top
CIM LOGO