
Zwee an en hallwe Mount nodeems zu Tréier e Student op oppener Strooss erstach gi war, ginn et bis ewell nach keng nei Erkenntnisser ronderëm d'Motiv vum Täter. Dat huet den Tréierer Parquet der Noriichtenagence DPA géintiwwer confirméiert. D'Auswäertunge wieren nach amgaang.
De Verdächtegen ass en 22 Joer alen Afghan, deen aus bis haut onbekannte Grënn um Petrisberg op e jonke Student agestach hat, deen dat net iwwerlieft hat. Béid Männer solle sech net kannt hunn.
Den Täter sëtzt zanterhier an enger zouener forensescher Psychiatrie.