Konsequenze vum KrichNo Attacken op seng Energie-Infrastruktur am Noen Osten klammen d'Präisser nees staark

RTL Lëtzebuerg
Am Kuwait gouf eng vun de gréisste Raffinerien am Noen Osten attackéiert, déi eng Produktiounscapacitéit vu 730.000 Barrel den Dag huet.
© ALAIN JOCARD/AFP

No Attacken op seng Energie-Infrastruktur reagéiert den Iran mat Ugrëff op Pëtrolsraffinerien a Kuwait a Saudi-Arabien. Och eng Gas-Anlag am Katar gouf a Brand gesat.

An der Suite dovunner klammen d’Gas- a Pëtrolspräisser däitlech. De Präis fir e Barrel vun der Nordséi-Mark “Brent” huet en Donneschdeg zäitweis ëm iwwer 10% zougeluecht. Am spéide Virmëtteg kascht e Barrel ronn 115 Dollar, knapp 7% méi wéi nach beim “Handels-Ufank”. Virdrun huet Israel e Mëttwoch iranesch Gas-Anlagen attackéiert. Teheran huet doropshin Pëtrols- a Gas-Anlagen am Katar, Saudi-Arabien a Kuwait an d’Viséier geholl.

E Méindeg war de Gaspräis an Europa scho geklommen. Den TTF, deen als Referenz-Index gëllt, ass ëm gutt 21% geklommen, dat op ronn 66 Euro pro Megawattstonn. Zäitweis louch d’Augmentatioun souguer bei 35%. De Gaspräis huet sech zanter dem Ufank vum Krich méi wéi verduebelt.

Am Kuwait gouf eng vun de gréisste Raffinerien am Noen Osten attackéiert, déi eng Produktiounscapacitéit vu 730.000 Barrel den Dag huet. Déi islamesch Revolutiounsgard huet mat der “kompletter Zerstéierung” vun der Energie-Infrastruktur gedreet. Den Donald Trump sengersäits dreet och “Pars” z’attackéieren, dat ass dat gréisste Gasfeld vun der Welt, dat vum Iran, mä och vu Katar exploitéiert gëtt.

No de jéngsten Attacken op Energie-Infrastrukturen am Iran an am Katar huet de franséische President Emmanuel Macron direkt Gespréicher tëscht dem Iran an den USA gefuerdert. “Et handelt sech ëm eng récksiichtslos Eskalatioun”, sou de Macron en Donneschdeg kuerz virum Start vum EU-Sommet zu Bréissel. Hien ënnersträicht seng Fuerderung no engem Moratorium fir Attacken op zivil Infrastrukturen am Iran-Krich.

Back to Top
CIM LOGO