
Nom Zoumaache vun de Wallokaler hu japanesch Televisiounssender der LDP eng Majoritéit vun de 465 Sëtzer virausgesot. Et ass esouguer méiglech, datt de vun Takaichi gefouerte Block eng Zwee-Drëttel-Majoritéit erreecht.
Déi 64 Joer al Takaichi gëllt als Vertriederin vum rietse Fligel vun der LDP. Hiert däitlecht Walresultat kéint e weidere Rechtsruck fir Japan bedeiten Dobäi stinn d’Stäerkung vun der japanescher Wirtschaft an den Ausbau vun de militäresche Fäegkeeten am Mëttelpunkt, och am Kontext vun de Spannungen mat China.
Am Walcampagne war besonnesch d’Thema vum sougenannten “Auslännerproblem” e Sujet. D’LDP huet versprach, méi streng géint Reegelverstéiss virzegoen an ënner anerem de Kaf vun Immobilie fir Auslänner gesetzlech ze verschäerfen. Mat dëse Positioune konnt d’Partei virun allem konservativ Wieler zeréckgewannen.
D’Sanae Takaichi hat am Oktober als éischt Fra an der Geschicht vu Japan de Poste vun der Premierministesch iwwerholl an Enn Januar d’Parlament opgeléist, fir de Wee fir dës virgezunne Wale fräizemaachen.