Tëscht 14 a 16 Joer alPolice zu Düsseldorf ermëttelt géint Jugendlecher no Iwwerfall mat Schosswaff a Machete

AFP, iwwersat vun RTL
Am Kader vun engem Iwwerfall mat Kierperverletzung op enger Spillplaz ermëttelt d'Police zu Düsseldorf géint aacht Jugendlecher am Alter tëscht 14 a 16 Joer.
Och eng Machete, wéi een se hei um Bild erkennt, soll beim Iwwerfall zum Asaz komm sinn.
Och eng Machete, wéi een se hei um Bild erkennt, soll beim Iwwerfall zum Asaz komm sinn.
© JUSTIN TALLIS/AFP

No engem schwéieren Iwwerfall mat enger Schosswaff an enger Machete op enger Spillplaz zu Düsseldorf ermëttelt d’Police géint aacht Jugendlecher am Alter vu 14 bis 16 Joer. Déi Verdächteg solle maskéiert gewiescht sinn, zwee aner Jugendlecher ënner falsche Virwänn op d’Spillplaz gelackelt hunn an dës dunn do physesch ugegraff hunn, wéi d’Police an Nordrhein-Westfelen en Dënschdeg matgedeelt huet.

Ee vun de Jugendlechen hat et trotz Verletzunge fäerdeg bruecht, ze flüchten. Deen aneren ass der Police no allerdéngs weider mësshandelt ginn, dobäi sollen eng Machete an eng Schosswaff agesat gi sinn, woubäi an de Buedem geschoss gouf.

Wéi dunn en onbedeelegten Zeien op der Plaz opgedaucht ass, sinn déi presuméiert Täter mam Portmonni, de Schong an anere Géigestänn vum Affer geflücht. De betraffene Jugendleche gouf fir eng stationär Behandlung an eng Klinik bruecht.

Bei der Sich vun der Police ware schonn an der direkter Noperschaft vum Tatort éischt Verdächteger opgefall, bei de weideren Ermëttlunge konnten nach anerer identifizéiert ginn. D’Police huet an deem Kader sechs Wunnengen zu Düsseldorf duerchsicht, dobäi goufen ëmfangräich Beweismëttel saiséiert, dorënner och e puer Schreckschosswaffen.

Police-Informatiounen no huet d’Dot sech schonn den 12. Januar am Nomëtteg ofgespillt. D’Ermëttlunge lafen awer nach ëmmer weider.

Back to Top
CIM LOGO