Affär WilmesBis ewell kee Recours vun Affekote vum Dokter, Patientevertriedung krut 25 Reklamatiounen

Pit Everling
Den Affekotebüro vum Dr Philippe Wilmes rechtfäerdegt sech an engem Schreiwes, firwat nach kee Recours géint déi partiell Suspendéierung vun hirem Client gemaach gouf.
Symbolbild vun engem Dokter, deen sech de Knéi vun engem Patient ukuckt.
Symbolbild vun engem Dokter, deen sech de Knéi vun engem Patient ukuckt.
© svitlanah on Envato

Affekoten hunn nach kee Recours gemaach

Datt bis elo nach kee Recours géint d’Decisioun vum 22. Januar vun der Gesondheetsministesch gemaach gouf, géing net heeschen, datt keng weider Aktioun vum Affekot vum Dokter kéim. Et géing een einfach déi prozedural Etappe respektéieren, schreiwen d’Affekote François Prum an Alexeji Nickels an engem Communiqué. Ënner anerem hätt ee wéilten den Debat an der zoustänneger Chamberkommissioun dëse Méindeg ofwaarden. D’Recourse wieren imminent, heescht et aus der Etude. Fir d’éischt wieren awer zwéi Bréiwer un d’Gesondheetsministesch Martine Deprez geschriwwe ginn, an deene si mat detailléierten Argumenter dozou opgeruff gouf, hir Decisioun ze iwwerdenken. Bis ewell wier nach kee Retour komm, heescht et weider vum Affekotebüro.

PDF: De Communiqué vum Affekotebüro Turk/Prum

25 Patiente hu sech bei Patientevertriedung gemellt

D’Patientevertriedung deelt mat, datt sech 25 Patiente bei hir gemellt hunn, déi vum Dokter Wilmes operéiert goufen an dono gesondheetlech Problemer haten, respektiv negativ Konsequenzen dovu gedroe hunn. Bei méi Patiente léich en zweete medezineschen Avis vir, deen hannerfreet, ob d’Operatioun néideg war, schreift d’asbl an engem Communiqué. D’Patientevertriedung hätt dës Dossieren un de Gesondheetsministère weidergereecht. Fir d’Associatioun mussen déi zoustänneg Instanze fir Kloerheet am Dossier suergen. Verlaangt gëtt och eng onofhängeg Qualitéitskontroll am Gesondheets-Secteur.

PDF: D'Schreiwes vun der Patientevertriedung iwwer d'Affär Wilmes

Back to Top
CIM LOGO