
Am Virfeld vum Internationalen Dag géint de Rassismus (Samschdeg, 21. Mäerz) si Rassismus an Diskriminéierung an Däitschland wäit verbreet. Dat ass dat allgemengt Resultat vum Nationalen Diskriminéierungs- a Rassismusmonitor “Nadira”. Erfaasst gi sinn, nieft Resultater vun Ëmfroen, och Berichter iwwer direkt oder indirekt Experienze mat Rassismus an Diskriminéierung. Zwar ass e liichte Réckgang registréiert ginn, deen um allgemenge Bild awer kaum eppes ännert.
Dem Monitoring no sinn an Däitschland 36 Prozent vun de Mënschen der Meenung, dass et “verschidde mënschlech Rasse” gëtt. 36 Prozent sinn och der Opfaassung, datt bestëmmt Kulture “méi fortschrëttlech a besser” wéi anerer wieren. 48 Prozent soten, gewësse Gruppe wiere “vun Natur aus méi fläisseg” wéi anerer. Domat bleiwe “biologesch begrënnt Forme vu rassistesch motivéierten Hierarchien” wäit verbreet, obwuel se längst wëssenschaftlech widderluecht sinn. Entretemps géifen ëmmer méi dacks Wierder wéi “Kulturen” oder “Gruppen” als Synonym fir “Rass” gebraucht ginn.
Rassistesch oder diskriminéierend Erfarunge gehéieren dem Monitoring no fir vill Leit an Däitschland zum Alldag. Dëst géif virun allem gëlle fir Persounen, déi als “friem” oder “anescht” wouergeholl ginn. Genannt gi sinn hei zum Beispill Mënsche mat anerer Hautfaarf oder erkennbar Moslemen. Antisemittesch Diskriminéierung ass net separat erfaasst ginn.
Der Etüd no gi 25 Prozent vun de Leit mat däischterer Hautfaarf a 17 Prozent vun de muslimesche Mënschen op d’mannst eemol de Mount beleidegt, belästegt, bedreet oder souguer ugegraff. Jeeweils en Drëttel huet an de leschten 12 Méint esou Erfarunge gemaach. 63 Prozent vun de Leit mat däischterer Hautfaarf hunn uginn, datt si op d’mannst eemol de Mount méi subtil diskriminéierend Experienze maachen, zum Beispill duerch onfrëndlech Behandlung oder Mëssuechtung.
D’Vertrauen an déi staatlech Institutiounen ass bei de concernéierte Leit däitlech zréckgaangen, bei muslimesche Mënschen ëm bis zu 27 Prozent. Besonnesch niddreg aus d’Vertraue bei Leit, déi schonn direkt oder indirekt Erfarungen hu musse maachen. D’Vertrauen an d’Justiz an an d’Police wieren insgesamt awer méi héich wéi an d’Bundesregierung an hir Politiker.
Den Direkter vum “Deutschen Zentrums für Integrations- und Migrationsforschung” (DeZIM) Frank Kalter sot, Diskriminéierung a Rassismus wieren haartnäckeg verfestegt. Onverännert wiere Mythen iwwer anscheinend biologesch Ënnerscheeder wäit verbreet, grad esou wéi d’Existenz vu verschiddene Rassen. Déi onofhängeg Bundesbeoptraagte fir für Antidiskriminéierung Ferda Ataman fuerdert als Konsequenz eng Reform vum Allgemeinen Gleichbehandlungsgesetzes (AGG). Dëst misst esou geännert ginn, datt Betraffener sech besser wiere kéinten. Ausserdeem verlaangt si méi Hëllef, Sensibiliséierung am Bildungssystem an an der Aarbechtswelt. Wichteg wier ausserdeem eng Regierung, déi “klare Kante” weist an d’Theema upéckt.
Kritiséiert hunn Ataman a Kalter och, datt eng Etüd iwwer Rassismus vum Bundesinneministère zwar op deem senger Internetsäit verëffentlecht, awer net aktiv virgestallt gi war. Et wier wichteg, datt eng Regierung mat esou Etüde selbstbewosst ëmgeet.