
An der Nuecht op e Freideg gouf et keng nei Attacken an der Golfregioun, nodeem den Donald Trump eng geplangten Attack op den Iran ofgesot huet. Weider huet den US-President d'Behaaptung opgestallt, datt een eng "groussaarteg Eenegung" fir en Enn vum Krich fonnt hätt, dat gouf vun Teheran awer offiziell dementéiert. Den Donald Trump hat an de leschten zwee Méint schonn 38 Mol eng Eenegung annoncéiert, huet den Iran wësse gedoen.
"Bis ewell ass den Iran zu kenger finaler Decisioun iwwert en Ofkommes komm", huet e Spriecher vum iraneschen Ausseministère erkläert. D'Noriichtenagence Tasnim hat ausgerechent, datt den US-President schonn 38 Mol esou eng final Eenegung annoncéiert huet. "Esoulaang den Iran keng eegen Eenegung matdeelt, sollten all d'Aussoe vum Donald Trump zu dësem Thema wouer geholl ginn, wéi et bis ewell bei sengen Aussoen de Fall war."
Den US-President hat eegenen Aussoen no d'Attacken, déi fir en Donneschdeg geplangt waren, annuléiert. Hien huet dëst mat den däitleche Fortschrëtter bei de Verhandlungen erkläert. Dës wiere mam "héchste Level vu der iranescher Féierung" gefouert ginn. Wéini a wou dësen Deal ënnerschriwwe géif ginn, géif "an noer Zukunft" bekannt gemaach ginn, esou den US-President op Truth Social.
Viru Journalisten huet hien du gesot, datt et eng "groussaarteg Eenegung" wier, déi ee fir den Enn vum Iran-Krich fonnt hätt. D'Dokumenter missten nach just fäerdeggestallt ginn, wat an den "nächsten Deeg" dierft passéieren. Ënnerschriwwe kéint den Deal "villäicht an Europa" ginn. Och hat den Trump op Nofro confirméiert, datt sengen Informatiounen no den Ayatollah Modschtaba Chamenei perséinlech den Deal accordéiert hätt.
Trotz dem Dementi aus Teheran hunn d'Aussoe vum Trump e Freideg e positiven Effekt op déi asiatesch Bourse gehat.
U sech hat den Donald Trump dem Iran fir en Donneschdeg den Owend mat weidere "ganz heftegen" Attacke gedréit. "An net all ze wäiter Zukunft" géifen d'US-Militär och déi strategesch wichteg "Insel Charg an aner Pëtrolsinfrastrukturen" anhuelen. Militärexperten no kéinten d'USA Charg awer just anhuelen, wa si Buedemtruppen asetzen. Esou e Risiko hat den US-President awer nach net ordonéiert.
D'Insel, déi am Norde vum persesche Golf läit, ass de wichtegste Pëtrolsterminal vum Iran, iwwer deen normalerweis 90 Prozent vum Pëtrol aus dem Land ginn. Enn Mäerz hat den US-President gedréit, Charg ze "vernichten", sollt den Iran d'Strooss vun Hormus net nees opmaachen. Scho Mëtt Mäerz hat den Donald Trump d'Ausso gemaach, datt d'US-Loftwaff militäresch Ziler op der Insel attackéiert a komplett "ausradéiert" hätt. Den Iran huet dëst ni confirméiert. Den lokalen Autoritéiten no leeft den Export vum Pëtrol awer ouni Stéierunge weider.
An de leschten Deeg war et ëmmer nees zu Attacken tëscht béide Krichsparteie komm. D'USA haten Ziler am Iran ugegraff an d'Iraner US-Basen am Bahrain, Kuwait a Jordanien. D'Wafferou, déi am Abrëll decidéiert gi war, huet den Iran als "quasi ouni Bedeitung" bezeechent an d'USA virun "impulsiven Decisioune" gewarnt. Dat kéint nämlech dozou féieren, datt den Iran-Krich zu engem "Sumpf ouni Enn" kéint maachen, bei deenen d'USA en "aneren Iran" wäerte kenneléieren.
An der Nuecht op e Freideg war et awer emol nees eng Kéier roueg bliwwen.