Limitatioun vun AtomwaffenUSA bereet nei Verhandlunge mat Russland z'entaméieren

RTL Lëtzebuerg
Moskau seet sech och zum Dialog bereet, wann d'USA konstruktiv op hir Propositioune géife reagéieren.
© AFP

Zanter en Donneschdeg ass den “New Start – Accord” tëscht den USA a Russland, iwwert eng Limitatioun vun Atomwaffen um Enn. Et gouf zwar laang driwwer geschwat en ze verlängeren, mä sou richteg Beweegung ass net an deen Dossier komm. D’USA wëllen awer elo aktiv ginn an eng nei Versioun vun Experten ausschaffe loossen. Dat huet d’Wäisst Haus op alle Fall en Donneschdeg den Owend wësse gedoen.

Moskau seet sech och zum Dialog bereet, wann d’USA konstruktiv op hir Propositioune géife reagéieren.

Am Kader vun de Negociatiounen iwwert e Waffestëllstand am Ukrainkrich solle béid Säiten och d’lescht Woch zu Abu Dhabi scho matenee geschwat hunn.

Back to Top
CIM LOGO