Aptamil a MilumilDe Liewensmëttel-Produzent Danone rifft weider Chargë vun de Puppelchersmarken zeréck

RTL Lëtzebuerg
Grenzwäerter fir de Stoff Cereulid goufen iwwerschratt.
© JOHN MACDOUGALL/AFP

De Liewensmëttel-Produzent Danone rifft weider Chargë vun de Puppelchersmarken Aptamil an Milumil zeréck, dat wéinst neie Recommandatioune vun der EFSA, der Europäescher Autoritéite fir Liewensmëttel-Sécherheet, iwwert Grenzwäerter fir de Stoff Cereulid. Dat ass e Gëft, dat Bakterien entstoe léisst, an dat bannent 30 Minutte bis 6 Stonnen zu staarker Iwwelzegkeet a Péng am Mo ka féieren. Eltere sollten béid Produiten op kee Fall méi benotzen, heescht et vun Danone. Sollten d’Bëbeeën esou Symptomer weisen, nodeems se giess hunn, sollt een direkt mat hinne bei den Dokter.

Op de jeeweilgen Internetsitten aptaclub.de a milupa.de kënnen Elteren op Basis vum Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerpréiwen, ob ee Produit betraff ass, dee se kaf hunn.

An de leschte Woche goufen europawäit dofir ëmmer nees Mëllech-Pudder-Produiten fir Puppelcher zeréckgeruff, ënnert anerem vun Nestlé, Babybio oder Popote. Och d’Lëtzebeurger ALVA hat déi concernéiert Produiten zeréckgeruff.

Back to Top
CIM LOGO