HandballDavid Gyafras huet Lutte géint de Kriibs verluer

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Spiller vu Käerjeng a Péiteng esou wéi Trainer vu Bieles huet de Kampf géint de Kriibs verluer
Den David Gyafras stoung zesumme mam Handball Péiteng 2018 an der Finall vun der Coupe de Luxembourg.
Den David Gyafras stoung zesumme mam Handball Péiteng 2018 an der Finall vun der Coupe de Luxembourg.
© Ketty a Rom Hankes (Archiv)

En Donneschdeg koum déi traureg Nouvellen, datt den David Gyafras de Kampf géint de Kriibs verluer huet. 2024 gouf beim fréieren Handballspiller an Trainer déi schwéier Krankheet diagnostizéiert. Am Abrëll 2025 hat den David Gyafras nach am Kader vum Télévie mat de Kolleege vum Magazin iwwert seng Krankheet an iwwert säi Wee geschwat.

Télévie-Temoignage: De David Gyafras huet zanter 2024 Kriibs
De fréieren Toppscorer aus dem Lëtzebuerger Handball an spéideren Trainer krut am Joer 2024 d’Diagnos Kriibs.

Mëtt 2024 gouf bekannt, datt de fréieren Toppscorer aus der héchster Handballdivisioun hei am Land u Kriibs géif leiden. Doropshin hunn den Eric Schmidt, Dany Scholten, Jeff Paulus an den HB Bieles zesummen den 28. Dezember vun deem Joer e Benefizmatch organiséiert, bei deem zwou gemëschten Ekippen aus aktuellen a fréier bekannte Lëtzebuerger Handballspiller géinteneen ugetruede sinn. Eng 500 Spectateure waren op de Kannercampus op de Belval komm, fir dës Partie ze gesinn an d’Famill vum Handballspiller ze ënnerstëtzen. Well den David Gyafras zu deem Ament selwer schonn an engem Spidol an Däitschland war, krut seng Fra de Chèque vu 67.500 Euro iwwerreecht. Dës Sue koumen duerch e Spendenopruff vu ville Handballspiller a Veräiner esou wéi och duerch de Galamatch zesummen.

Andréck vum Galamatch fir den David Gyafras
De Match war um Samschdeg de Mëtteg um Kannercampus Belval. D’Hal war mat ronn 500 Spectateuren ausverkaaft.

Reaktiounen aus der Lëtzebuerger Handballwelt

Back to Top
CIM LOGO