Op der A4 a Richtung EschFir d'éischt mat 209 amplaz 130 km/h an da mat 176 amplaz 90 km/h ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch den Owend op en Donneschdegmoien huet d'Police zwee Chauffere gestoppt. Een hat Farerflucht gemaach, deen anere war mat ze héijer Vitess ënnerwee.
© Laurent Weber

E Mëttwoch den Owend war et zu Kietscht zu engem Accident tëscht zwee Autoe komm, bei deem ee vun de Chauffere sech duerch d’Bascht gemaach huet, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt de Verdächtegen ermëttelt a gestallt ginn. Dësen hat sichtlech ze vill Alkohol gedronk, huet awer en Test refuséiert. Aus deem Grond gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

An der Nuecht op en Donneschdeg war enger Patrull op der A4 a Richtung Esch en Auto opgefall, deen e gutt Stéck ze séier war. Amplaz mat 130 km/h ass dëse mat 209 km/h iwwer d’Autobunn gebriedert, éier en dann op 176 Stonnekilometer erofgoung bei erlaabten 90 Kilometer an der Stonn.

Back to Top
CIM LOGO