Lag weider diffus an onsécherUSA huet dem Iran kloer matgedeelt, dass d'Wafferou riwwer ass

RTL Lëtzebuerg
No enger neier Gewalteskalatioun am Noen Osten an der Annonce vum Donald Trump de Waffestëllstand mam Iran wier eriwwer, bleift d'Lag ganz ongewëss.
Zu Teheran geet den Alldag trotz dem Krich weider.
Zu Teheran geet den Alldag trotz dem Krich weider.
© FATEMEH BAHRAMI/Anadolu via AFP

Déi iranesch Regierung hätt drëms gefrot, fir weider ze verhandelen, huet den Donald Trump e Freideg op Social Media geschriwwen an an engems betount, datt d'Wafferou fäerdeg wier. Dat wier Teheran onmëssverständlech matgedeelt ginn.

D'USA fuerdere lo, Medieberichter no, en ëffentlech Bekenntnis vum Iran fir eng fräi a sécher Duerchfaart fir d'Schëff an der Strooss vun Hormus ze garantéieren. Teheran sollt bis haut versécheren, datt de Passage opbleift a keng Handelsschëffer ugegraff ginn. Wéi eng Konsequenzen et hätt wann den Iran dat net mécht, huet Washington bis elo net präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO