Den Taifun Bavi, dee schonn iwwer verschidden Inselen am Pazifik ewech gezunn ass, huet d'Philippinnen erreecht an do Äerdrutschen ausgeléist, déi am Ganze 15 Doudesaffer gefuerdert hunn. Op d'mannst 6 Persoune ginn nach vermësst. Dausende Leit si wéinst dem stäerkste Stuerm zanter Joerzéngten evakuéiert ginn, wärend Geschäfter, Büroen a Schoulen zougemaach gi sinn.
Op Taiwan gëtt sech op d'Arrivée vum Stuerm preparéiert. D'Leit leeë sech Stocke mat Iessen un, pechen hir Fënsteren of an installéiere Barriären aus Sandsäck. Vun den nationale Wiederdéngschter gëtt geschat, dass de Bavi mat Wandvitesse bis 190 Kilometer an der Stonn op Taiwan wäert treffen. Wéi en iwwer Guam gezu war, war de Stuerm nach als "Super Taifun" klasséiert ginn.
De President Lai Ching-Te huet d'Awunner opgefuerdert, am héchsten Alarmzoustand ze sinn. Och hei geet kee schaffen oder an d'Schoul. Méi wéi 28.000 Persoune vum Militär sti mat Gefierer a Material prett, fir ze hëllefen. Den Taifun wäert e Freideg an e Samschdeg den Norden an den Oste vun Taiwan treffen, éier e weiderzéie wäert a Richtung vun de südlechen Insele vu Japan.