
D'Zuel vun den Doudesaffer no deenen zwee schwéieren Äerdbiewen de 24. Juni a Venezuela ass weider geklommen. Wei d'Regierung e Sonndeg matgedeelt huet, goufe bis zu deem Dag 3.889 Doudeger gezielt. D'Zuel vun de Blesséierte bleift bei 16.740.
D'Autoritéiten hu bis ewell keng Zuele vu Vermësste genannt. D'Vereenten Natioune ginn awer dovun ass, datt sech des Zuel op 10.000 bis 50.000 Persoune belafe kéint.

Virun allem La Guaira, de Bundesstaat am Norde vum Land, ass staark betraff. D'UNO geet dovun aus, datt ronn 2.500 Gebaier an de Koup gefall oder zerstéiert goufen, wat d'Sich no Iwwerliewender erschwéiert.
Déi zwee Äerdbiewe si bannent kuerzer Zäit hannertenee geschitt an haten eng Stäerkt vu 7,2 a 7,5. Opgrond vun dëser Katastroph, huet d'UNO zum Spenden opgeruff fir d'Opbauaarbechten ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg fuerdert d'venezuelanesch Regierung, datt am Ausland agefruere Staatsverméige fräigelooss ginn, fir den Neesopbau vun de betraffene Regiounen ze finanzéieren.
Liest dozou och hei: