Demokratesch Republik Kongo600 Leit duerch Ebola schonn ëmkomm, aktuell Well breet sech séier aus

RTL mat AFP
Déi seelen awer aggressiv "Bundibugyo"-Variant vum Virus breet sech aktuell a véier Provënze vum Land aus.
E franséischen Dokter huet sech am Kongo mat Ebola infizéiert
E franséischen Dokter huet sech am Kongo mat Ebola infizéiert
© BENEDICTION MURHABAZI/AFP

D'Ebola-Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo bereet sech den Aussoe vun der afrikanescher Gesondheetsorganisatioun Africa CDC méi séier aus, wéi all aner Ebola-Well virdrun. Et handelt sech net just ëm déi bis ewell séierst Verbreedung vun Virustyp "Bundibugyo", mä vu sämtlechen Ebola-Viren, esou de Wessam Mankoula vum Africa CDC.

Zanter Mëtt Mee sinn an der Demokratescher Republik Kongo Zuele vun der UNO no iwwer 600 Leit un Ebola gestuerwen. Am ganzen hu sech bis ewell méi wéi 1.759 Mënsche mat der Krankheet, déi héich ustiechend ass, ugestach. Ronn all 3. Persoun, déi sech infizéiert, stierft um Virus. Am Uganda, dem Nopeschland, gëtt et bis ewell 20 confirméiert Infektiounen. Hei si schonn zwou Persounen ëm d'Liewe komm.

"Leider ass de Virus eise Mesuren nach ëmmer e Schratt viraus. Et bereet sech méi séier aus, wéi mir Ressource, fir d'Situatioun anzedämmen, bereetstelle kënnen", esou de Mankoula. D'Zuel vun de Fäll verduebelt sech Schätzungen no all 28 Deeg.

Dem Vertrieder vun der CDC no sinn 1,22 Milliarden Euro fir d'Bekämpfe vun der Krankheet an humanitär Hëllefsmesuren néideg. "Mir mussen eis Hëllefsmesurë verstäerken an dat bedeit, datt mir finanziell a personell Ressourcë brauchen", esou de Mankoula. Hie fuerdert "all d'Partner a Sponsoren op, fir d'Ausbezuele vun de Mëttelen ze beschleunegen".

An der Demokratescher Republik Kongo si bis ewell 285 Patienten, déi de Virus haten, nees gesond. Den Ausbroch betrëfft véier Provënzen am Land, konzentréiert sech awer op d'Provënz Ituri, an där sech arméiert Gruppe bekämpfen.

Den Ebola-Virus gëtt duerch den direkte Kontakt mat Kierperflëssegkeete vun Infizéierten iwwerdroen. Héich ustiechend sinn och d'Läiche vun den Affer, dacks gëtt de Virus dowéinst och bei de Begriefnisser iwwerdroen. Déi aktuell Epidemie gëtt mat där vun 2007 verglach, wou och schonn déi seele "Bundibugyo"-Variant sech verbreet hat. Géint si gëtt et kee Vaccin a keng geziilt Therapie.

Back to Top
CIM LOGO