
D'Lëscht gëtt ëmmer méi laang. E Freideg hu franséisch Medien gemellt, datt de Sänger an Acteur Patrick Bruel mat enger weiderer Plainte wéinst Vergewaltegung konfrontéiert ass. D'Fra hätt hir Klo de 24. Juni scho beim Parquet deposéiert.
Et géif ëm Faiten aus den 2000er Joren goen, wou dat presuméiert Affer nach mannerjäreg war. Virun engem Mount hat de Parquet vun Nanterre formelle eng Enquête wéinst Viol a sexuellen Aggressiounen opgemaach an de Sänger zäitweileg an de Garde à vue gesat. Dat nodeems op d'mannst 26 Fraen de Patrick Brul beschëllegt haten, sech un hinnen vergaangen ze hunn.