Police sicht no wäissem MannMord-Enquête nom Doud vun der fréierer brittescher Ministesch Ann Widdecombe

RTL Lëtzebuerg
Déi brittesch Police huet eng Mord-Enquête an d'Weeër geleet, nodeems déi fréier konservativ Politikerin Ann Widdecombe am Alter vun 78 Joer dout an hirem Doheem fonnt gouf.
© TOLGA AKMEN/AFP

No den éischten Erkenntnisser hat si schwéier Blessuren. D'Police sicht no engem wäisse Mann, deen am Zesummenhang mat der Dot steet.

D'Ann Widdecombe war vun 1987 bis 2010 Deputéiert am brittesche Parlament a war Ministerin an der Regierung vum fréiere Premierminister John Major. Si war bekannt fir hir konservativ Meenungen, ënner anerem géint d'Ofdreiwung an fir traditionell Familljewäerter.

Nom Enn vun hirer parlamentarescher Carrière huet si un der Televisiounssendung "Strictly Come Dancing" deelgeholl.

Spéider ass si der Brexit Party an duerno der rietsextremer Reform UK bäigetrueden, wou si als Spriecherin fir Immigratioun geschafft huet.

© GEOFF CADDICK/AFP

Vill Politiker hunn hiert Matgefill ausgedréckt. Déi brittesch Inneministesch Shabana Mahmood huet den Doud als schockéierend bezeechent.

D'Police ermëttelt weider, fir d'Ëmstänn vum Doud opzeklären an den Täter ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO