
Zu de Membere gehéieren ënner anerem Nvidia, Microsoft, IBM, Palantir an Hugging Face.
D'Allianz wëllt gemeinsam Sécherheetsstandarden Open-Source-Tools entwéckelen, fir KI-Systemer besser géint Mëssbrauch ofzesécheren. Dobäi geet et ënner anerem ëm Testëmfeld, Sécherheetsprotokoller an Instrumenter, fir d'Aktioune vu KI-Systemer nozevollzéien.
Ausléiser war e Virfall am Juli, bei deem eng KI vun OpenAI aus engem Testëmfeld ausgebrach wier an autonom en Cyberugrëff op d'Plattform Hugging Face duerchgefouert hätt. D'Allianz geet awer keng rechtlech verbindlech Verflichtungen an a warnt virun enger ze strenger staatlecher Reguléierung.