
Bis elo hat sech d’Presidence optimistesch gewisen, vläicht schonn e Mëttwoch éischt Resultater ze liwweren. Dës Woch verhandelen d’Ëmweltminister – an et dierft virun allem ëm dräi Knackpunkte goen: eng méi staark Reduktioun vun den Zäregasen, Klima-Hëllefe fir méi aarm Staaten an e Sträit ëm klimapolitesch Handelsmesuren.
Hei geet et ëm déi europäesch CO2-Tax, déi d’EU un de Baussegrenzen erhiewe wëllt. China an Indien hunn dat staark kritiséiert, als protektionistesch Moossnam. D’EU wëllt déi Tax, de sougenannte C-BAM, awer net diskutéieren.
Déi Tax gëllt um Stol, Aluminium, Zement, Dünger, Stroum a Waasserstoff – Secteuren also, déi staark polluéieren a wou et international staark Konkurrenz gëtt, iwwerdeems europäesch Produzente schonn CO2-Taxe bezuelen.
Donieft fuerderen d’Inselstaaten, dass d’COP d’Länner dozou opruffe muss, hir Klima-Engagementer ze erhéijen. Grouss Wirtschafte wéi China oder Saudi-Arabien sinn awer géint esou en Appell, well dat implizéiere géif, dass se nach net genuch maachen.
Dann ass et och nach d’Fro vun der Klima-Finanzéierung. D’Entwécklungslänner bestinn drop, dass déi méi räich Staaten hiert Versprieche vun 300 Milliounen Dollar pro Joer u Klima-Adaptatiounshëllef anhalen.
Esou seet zum Beispill den Orlando Habet, Entwécklungsminister aus dem Belize, d’COP30 wier fir säi Land en Iwwerliewenskampf. Amplaz dass d’Finanzéierung eropgefuer géif, géif zeréckgeschrauft, an de Belize kéint ouni finanziell Hëllef sech net un de Klimawandel adaptéieren.
Eng Fro ass dann och, wéi ka méi Klimaschutz geléngen ouni d’USA, déi jo dëst Joer net vertruede si bei der Weltklimakonferenz.