

D’Hoffnung an en Impfstoff ass grouss: déi weltwäit Infektiounszuelen, déi den Ament bei 200.000 den Dag leien, drécken, zéngdausenden Doudesaffer verhënneren an nees e Liewen ouni gréisser Aschränkungen zouloossen. An d’Fuerschung leeft op Héichtouren. Bis elo konnt awer nach bei kengem vun de Stoffer bewise ginn, datt en effektiv virum Virus schützt.
“Den Ament ginn iwwer 20 Impfstoff-Kandidaten a klinesche Studie getest”, sou d’WHO-Chefwëssenschaftlerin Soumya Swaminathan an engem DPA-Interview. 150 Projete fir Impfunge sinn zanter dem Ufank vun der Pandemie viru knapp 7 Méint ugelaf. “Et wier ganz vill Pech, wann se alleguer scheitere géifen,” esou d’Soumya Swaminathan.
Ufank 2021 wäerten éischt Resultater virleien. No enger Masseproduktioun kéint et dann am Summer nächst Joer e Vaccin ginn, deen op breeder Basis kann agesat ginn. Allerdéngs muss grad bei de vulnerabele Leit, déi riskéieren, schwéier krank ze ginn duerch eng Infektioun mam Corona-Virus, och beim Vaccin besonnesch gutt opgepasst ginn.
Hie géif wuel domat rechnen, datt d’nächst Joer e puer Impfstoffer wäerten zougelooss ginn, seet de Sebastian Ulbert vum däitsche Fraunhofer-Institut fir Zelltherapie an Immunologie (IZI). Ma dës wäerte wuel an éischter Linn jonken, gesonde Leit ze gutt kommen. “D’Risikogruppe beim Corona-Virus, virun allem d’Senioren, sinn och am schwéiersten ze impfen,” seet de Fuerscher, bis eng Impfung fir jiddereen do wier, dierft et wuel nach méi laang daueren.
Fir festzestellen, ob en Impfstoff net nëmmen am Labo d’Reproduktioun vum Virus verhënnert, ma effektiv virun enger Infektioun schützt, musse klinesch Studien an der Phas III gemaach ginn. An dëser Phas kréien dausende Fräiwëlleger den Impfstoff an no e puer Méint gëtt verglach, op si sech am Géigesaz zu enger Kontrollgrupp manner dacks ugestach hunn. Hei gëtt et awer eng Contrainte.

“Et ass wichteg, Donnéeën iwwert d’Wierksamkeet aus kontrolléierte klineschen Iwwerpréiwungen ze kréien,” erkläert de Klaus Cichutek, President vum Paul-Ehrlich-Institut, dat an Däitschland fir Impfstoffer zoustänneg ass, “dofir brauch een awer héich Infektiounszuelen.”
A Groussbritannien an a China, wou et Fuerschungsprojete ginn, déi scho grouss Progrèse gemaach hunn, ass d’Presenz vum Virus mëttlerweil ageschränkt. Dofir lafe Phase III-Etüde fir 2 potentiell Impfstoffer aktuell a Brasilien, wou d’Infektiounszuele weider staark eropginn.
De brittesche Pharmakonzern AstraZeneca, an Zesummenaarbecht mat der Oxford Universitéit, huet den 20. Juni ugefaangen, d’Wierkung vum Impfstoff bei ronn 5.000 Fräiwëllegen z’iwwerpréiwen. Vun dësem Méindeg u soll och de chinesesche Pharmakonzern Sinovac säi Vaccin u bal 9.000 Leit aus dem Gesondheetssecteur a Brasilien testen.
Déi zwee Betriber hunn ënnerschiddlech Approchen: AstraZeneca huet Viren, déi eigentlech bei Afe virkommen, manipuléiert, Sinovac benotzt Coronaviren, déi dout gemaach goufen. Et ginn och nach aner Methoden, all mam nämmlechten Zil: eng laangfristeg Immuniséierung ausléisen.
Zwou däitsch Firmen, Biontech zu Mainz, déi mam US-amerikanesche Pharma-Konzern Pfizer zesummeschafft, a Curevac zu Tübingen, schaffen zum Beispill u sougenannten RNA-Impfstoffer.
Fir de Sebastian Ulbrecht vum Fraunhofer-Institut ginn et bei allen Approche Vir- an Nodeeler. Et misst elo och nach méi genee ënnersicht ginn, wéi eng Roll d’Antikierper a wéi eng Roll T-Zelle bei der Äntwert vum Immunsystem spillen, a wéi laang eng Impfung wierke kann. Et kéint sinn, datt ee reegelméisseg misst geimpft ginn. An da mussen natierlech och genuch Dose produzéiert ginn.
“Et ass ganz gutt, datt mer esou vill verschidden Usätz hunn”, seet d’Soumya Swaminathan vun der WHO. Et kéint sinn, datt déi verschidde Wierkstoffer sech fir ënnerschiddlech Populatioune besser eegenen, zum Beispill eeler Leit, schwanger Fraen oder Kanner.