Nei Richtlinne publizéiertWHO recommandéiert Mask fir Jugendlecher iwwer 12 Joer

RTL Lëtzebuerg
Fir sech virun enger Infektioun ze schützen, réit d'Weltgesondheetsorganisatioun, dass Kanner iwwer 12 Joer sollen e Mond- an Nueseschutz unhunn.

Jonk Leit sollen der WHO no ënnert de selwechten Ëmstänn e Mask unhu wéi erwuesse Persounen, virun allem, wann de Sécherheetsofstand vun engem Meter net kann agehale ginn an den Infektiounstaux an der jeeweileger Regioun héich ass. Sou steet et e Freideg an den neie Richtlinnen, déi d’Weltgesondheetsorganisatioun zesumme mat Unicef erausbruecht huet.

Weider steet am Dokument dran, dass et nach ëmmer vill Onkloerheete géinge ginn, wéi eng Roll d’Kanner bei der Iwwerdroung vum Coronavirus spillen. Et géingen eng Partie Hiweiser ginn, dass bei klenge Kanner den Infektiounsrisiko méi geréng wier. Allerdéngs géingen nei wëssenschaftlech Erkenntnisser dorop hiweisen, dass Jugendlecher bei der Iwwerdroung eng méi aktiv Rolle géinge spille wéi déi méi Kleng.

Kanner, déi manner wéi 5 Joer al sinn, solle kee Mond- an Nueseschutz unhunn, heescht et vun der WHO an Unicef. Dëst wier am allgemengen Interessi vun de Kanner an hirer Sécherheet. Och fir Kanner mat Behënnerungen oder Entwécklungsstéierunge soll de Mask net obligatoresch sinn, sou nach béid Organisatiounen.

Bei de Jonken tëscht 6 an 11 Joer kéint et deemno sënnvoll sinn, op e Mask zeréckzegräifen, wann ee sech an enger Regioun ophält, déi staark vun der Pandemie getraff ass, oder ee Kontakt zu Risikogruppen huet. An dësem Fall soll awer en Erwuessenen dobäi sinn, fir de Kanner beim “séchere Gebrauch” vum Mond- an Nueseschutz ze hëllefen, betounten d’WHO an d’UNICEF.

Back to Top
CIM LOGO