
Teheran an de Vermëttler Pakistan behaapten, dass déi zwou Woche laang Wafferou tëscht dem Iran an den USA um fréie Mëttwochmoie wäert auslafen. De pakistaneschen Informatiounsminister Attaullah Tarar huet op X matgedeelt, dass d’Paus um 4:50 Auer Lokalzäit, 1:50 Auer eiser Zäit, eriwwer wier. Déi iranesch Staatstëlee huet als Zäitpunkt 3:30 Auer Lokalzäit uginn, wat 2:00 MESZ entsprécht. Zu där Auerzäit war virun zwou Wochen de Waffestëllstand a Kraaft getrueden.
Den US-President Donald Trump hat virdrun an engem Interview behaapt, d’Wafferou géif bis e Mëttwoch den Owend Washingtoner Zäit gëllen - also een Dag méi laang wéi vu Pakistan annoncéiert. Donieft wier et extrem onwarscheinlech, datt hien enger Verlängerung vum Waffestëllstand mam Iran géing zoustëmmen.
Pakistan hat béid Parteien zu enger zweeter Ronn vu Friddensgespréicher op Islamabad invitéiert. Dem Tarar no hätt den Iran awer net offiziell dorop reagéiert. Senger Meenung no wier eng Äntwert op d’Demande virum Enn vun der Wafferou awer “entscheedend”. E Spriecher vum iraneschen Ausseministère huet just matgedeelt, dass eng endgülteg Decisioun nach net getraff gi wier. Grond dofir wiere widderspréchlech Messagen a Behuelen, grad sou wéi Aktioune vun US-amerikanescher Säit, déi net z’akzeptéiere wieren.
Iwwerdeems war geplangt, dass den JD Vance sech en Dënschdeg géif op de Wee maachen, fir un der neier Gespréichsronn deelzehuelen. Engem Porte-parole vum US-Vizepresident no wieren am Wäissen Haus zu Washington awer zousätzlech Meetingen ugesat ginn, sou datt hie fir d’éischt nach un deene misst deelhuelen.