‘’Et ass net un Israel ze decidéieren, wat am Libanon geschitt an esou eng Zone -Tampon ze deklaréieren. Mir jäizen hei säit Méint, dass et net geet, wa Russland vis-à-vis vun der Ukrain Territoiren occupéiert oder decidéiert, wat sollt do sinn. An da géife mer hei bei Israel einfach net kucken an einfach d’Aen zoumaachen. Dat geet net. Mee mir hunn an ech sinn och ganz éierlech mat Iech, mir hunn eng laang Diskussioun och am Sall gehat, mee mir hu sechs Länner, déi nach ëmmer blockéieren, dass een iergendeppes géint Israel géif ënnerhuelen.‘’ sou den Ausseminister.
Lëtzebuerg net eleng decidéiert, wat Sanktiounen ubelaangt. De Problem wier, dat d’EU déi eestëmmeg huele muss.
‘’Ech sinn der Meenung, dass, wann Der kuckt,wat an der Westbank lass ass, mat de Siidlungen, dat ass dach inacceptabel. Si mer net bereet, do ze soen, hei déi dote mussen op d’ Sanktiounslëscht kommen. Et sinn amgaangen, sech Saachen ze beweegen. Bis elo huet de Viktor Orban déi blockéiert. Ungarn huet déi all déi Saache blockéiert. Mee ech gesinn awer och, dass mer beim Ban vu Produiten aus der Westbank, aus den occupéierten Territoiren, do si mer am Gaang ze kucken. Mee de Problem ass, mir importéiere ganz wéineg direkt. Dat heescht, mir kréie meeschtens duerch déi aner. Dofir ass et wichteg, dass mer do kucken, ob mer eppes Gemeinsames kënne kréien. ‘’
Am RTL-Interview huet de Xavier Bettel zouginn, datt d’Situatioun am Iran ganz komplizéiert wier. D’Hormus-Strooss wier ee grousst Drockmëttel vum Iran, do wieren allerdéngs eng Rei politesch Mesurë geholl ginn, wéi eng multinational Initiativ, fir d’Hormus-Strooss ze sécheren. Lëtzebuerg hätt limitéiert Kapazitéite fir sech ze bedeelegen, mee kéint dat beispillsweis mat Satellitte maachen. Et misst een awer virsiichteg sinn:
“Et soll awer net, eng NATO-Missioun sinn. Dat, wat ass, d’NATO ass duerch den Artikel 5, wann een attackéiert gëtt, äntweren déi aner mat als Verteidegung. Dat ass eng Verteidegungsinitiativ, dat ass keng offensiv Verdeedegung. An dowéinst sinn ech der Meenung, dass wann hei Länner wëlle matmaachen, dass een do ka matmaachen, mee et soll een awer evitéieren, dass am Fong Europa an e Krich gezu gëtt, wou mer net wëllen.‘’
Wat déi verbal Attacke vun der US-Administratioun géintiwwer den Europäer déi lescht Wochen ubelaangt, sou ass de Xavier Bettel der Meenung, et misst een net ëmmer direkt zréckfachen.
‘’Et ass net, well een haart jäizt, dass ee muss nach méi haart jäizen. Heiansdo soll een einfach ignoréieren. Et ass heiansdo souguer eng méi krass Äntwert, wéi zréck ze jäizen.‘’ sou den Ausseminister.