
Den US-Emissär fir den Noen Osten Steve Witkoff soll sech e Freideg op de Wee an d'Schwäiz gemaach hunn. Säin Deplacement soll am Zesummenhang mat de geplangte Friddensverhandlunge mam Iran stoen, schreift den Noriichteportal "Axios", dee sech dofir op en US-Beamte berifft, deen awer net mam Numm genannt gëtt.
Wéi et vun der amerikanescher Tëleeschaîne CNN heescht, wier Washington drëm beméit, d'Gespréicher iwwer en definitive Friddensaccord mat Teheran weider ze féieren, nodeems dësen hire geplangten Optakt e Freideg net stattfonnt huet.
Den Negociateur an Eeedem vum Donald Trump Jared Kushner wier schonn an der Schwäiz, mellt "Axios". An och den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi gëtt sech am Prinzip erwaart. Sécher ass dat awer nach net. Wéi et heescht, wéilt Teheran elo mol ofwaarden, ob d'Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah hält. E Samschdegmoien huet de Libanon jo Doudesaffer bei israeeleschen Attacke gemellt.