
Zënter deem léisst den Iran kaum nach Schëffer hei duerch de Passage am Mier duerch, dat mat massiven Auswierkungen.
Zënter dem Ufank vum Mount hunn de britteschen Autoritéite fir Sécherheet am Schëffsverkéier (UKMTO) no 23 Handelsschëffer, dorënner 10 Tanker, Attacken a Sécherheetsvirfäll am Persesche Golf, an der Strooss vun Hormus oder am Golf vum Oman gemellt.
Doriwwer eraus huet déi iranesch Revolutiounsgard véier Attacken op Schëffer gemellt, déi allerdéngs net vun internationalen Agence confirméiert goufen.
Zënter dem Ufank vum Iran-Krich goufen der Internationaler Schëfffaartsorganisatioun IMO no an der Regioun bis well aacht Séileit oder Mataarbechter vun Häfen ëmbruecht. Véier weider Persounen aus dem Aarbechtermilieu gëllen als vermësst, 10 Persoune goufe blesséiert.
Normalerweis duerchfueren Experten no all Dag ronn 120 Schëffer d’Strooss vun Hormus. Tëscht dem 1. an dem 19. Mäerz allerdéngs goufen der Entreprise Kpler no am Ganzen nëmmen 114 Passagen vu Frachter registréiert. Domadder ass de Schëffstrafic duerch de Passage ëm 95% erofgaangen. Vun den 114 Frachter haten der 69 Ueleg a Gas gelueden, déi meescht sinn a Richtung Osten ënnerwee gewiescht.
An de leschte puer Deeg goufen et der Entrepris Clarksons no nëmme ronn fënnef Passage pro Dag.
Niewent Passagéier vu Croisièren an Hafen-Mataarbechter hänken der IMO no wéinst der Blockad ronn 20.000 Séileit an der Golfregioun fest. Dobäi kommen nach eemol ronn 3.200 Schëffer, zwee Drëttel dovunner grouss Frachter fir den Internationalen Handel.
D’Zuel vun den Uelegtanker, déi am Golf-Mier festsëtzen schätzt Clarksons op 250, déi zesumme ronn 5% vun der weltwäiter Transport-Kapazitéit fir Pëtrol ausmaachen.
Ënnert anerem wéinst dem Blockage vun der Hormus-Strooss ass de Präis vum Pëtrol an de leschte Wochen däitlech geklommen, en Donneschdeg kascht de Barrel “Brent” ronn 115 Dollar. De Präis fir Schëffsdiesel ass zënter Ufank vum Krich am Iran ëm 87% an d’Luucht geschoss. D’Käschte vir den Transport vun engem Barrel Réi-Ueleg huet sech zënter Ufank vum Joer verduebelt a läit elo bei 10 Dollar.