Vum Rhäin bis bei d'SeineZoustand vun europäesche Flëss wéinst Mikroplastik "alarméierend"

RTL Lëtzebuerg
Den Zoustand vu sëllegen europäesche Gewässer ass rezenten Etüden no wéinst schiedleche Mikroplastik-Partikel besuergend.
© Envato MargJohnsonVA

D’Belaaschtung mat Mikroplastik wier “alarméierend”, heescht et a 14 Etüde vun der Tara Foundation, déi an der Zeitung “Environmental Science and Pollution Research” publizéiert goufen. An den am Ganzen néng analyséierte Flëss goufen deemno duerchschnëttlech “dräi Partikel pro Kubikmeter Waasser” festgestallt.

Basis fir d’Etüde ware Waasserprouwen aus néng europäesche Flëss, déi vu Chemiker, Biologen a Physiker aus 19 Fuerschungslaboen analyséiert goufen. Zu de Flëss, aus deene Prouwe geholl goufen, gehéieren d’Elbe an de Rhäin, déi duerch Däitschland fléissen, de spuenesche Floss Ebro, déi franséisch Flëss Garonne, Loire, Rhône an d’Seine, souwéi d’Themse a Groussbritannien an den Tiber an Italien.

Zwar ass d’Mikroplastik-Belaaschtung an dëse Flëss den Etüden no e gutt Stéck méi niddereg wéi an den zéng am stäerkste verschmotzte Flëss op der Welt wéi de Mekong, den Nil an de Ganges, wou d’Verschmotzung bei 40 Mikroplastik-Partikele pro Kubikmeter läit. Wann een awer d’Quantitéite kuckt, déi duerchfléissen, “hu mir zu Valence an der Rhône eng Duerchflossquantitéit vun 1.000 Kubikmeter pro Sekonn”, heescht et vum Jean-François Ghiglione - ee vun de Fuerscher vun den Etüden. Dat géing “3.000 Plastikpartikel pro Sekonn” bedeiten.

D’Wëssenschaftler si bei hiren Analysen op en “iwwerraschend” Resultat gestouss: D’Mass vun de klengste Partikel wier méi grouss wéi d’Mass u siichtbare Mikroplastik-Partikel. Virun allem déi mikroskopesch kleng Partikel wieren awer besonnesch geféierlech: Well si sech iwwer de ganze Flossverlaf verdeelen a vu villen Déieren an Organismen opgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO