Säit Mëtt Oktober ass d ‘Klappjuegd fir dëst Joer nees op an elo a senger “spezieller” verlängerter Phase. D ’Juegd ob d ‘Jeeër ass och op, mee déi ass jo och säit Joren net méi zou gewiescht an do gëtt et logescherweis och keng Schounzäit, oder iergendwellech Restriktiounen a schonn guer keng Reegelen. Et ass ëmmer, iergendwéi „in“, „en vogue“, „modern“ a „progressiv“ (progressivistesch) mam Mainstream ze huerelen, a d ’Juegd an d ’Jeeër mat alle Mëttelen ze verdäiwelen. Wann net wéinst der Ekologie, oder dem Fleesch, dann op mannst wéinst dem Klassekampf. Am léifsten awer wuel Alles zesummen. No 10 Joer politeschem Anti-Chasse an der Regierung, ass déi Ideologie, wéi Deeler vu verschiddenen domat verbonnene „Visiounen“ (Fräi nom Helmut Schmidt) scho lues a lues an d ’DNA vun engem net onbedeitenden Deel vun der politescher Zeen agesickert. Onofhängeg dovun wéi d ’Realitéit ass an och onofhängeg dovun wat d ‘Bierger wielen oder ofwielen.

Et gëtt Villes zur Juegd ze soen, wat awer net Alles gesot gëtt ; an et gëtt och net wierklech en objektiivt Bild vun der Juegd gezeechent. Trotzdeem huet de Public, de Bierger, e Recht op déi Informatioun an de Gros vun de Léit wëllen och ee komplett Bild hunn, fir sech eng Meenung kennen ze maachen. Dat probéiert den Auteur heimat ze maachen, esou laang wéi dann déi feelend Duerstellung, eben erlaabt an toleréiert wäert sinn.

Wou soll een ufänken? Et kéint een ufänken mat der Fro ob de Lieser sech ka virstellen dass z.B. de President vun der Confédération des Bouchers en “engagéierte” Veganer ouni Meeschterkaart ka sinn, oder ob e Gewiichtshiewer am Schwéiergewiicht den Technik Trainer vun enger Buedemturn-equipe ka sinn oder ob e Kopfschlächter soll den Direkter vun der Maternité sinn. Natierlech ka keen sech esou Saache wierklech virstellen, awer maacht iech net onbedéngt Hoffnung, et gëtt eventuell vergläichbar Situatiounen. Dozou spéider.

An dësem éischtem Deel soll et een Ausfluch op d ‘Musel ginn, well do Saache geschéien déi weder dem Sënn vum Gesetz entspriechen, nach mat gesondem Mënscheverstand nozevollzéien sinn. Et ginn och Saache mat Steiersue gemaach déi de Bierger soll dierfe wëssen - hien finanzéiert déi richteg deier „Aktivitéite“ jo schliisslech. Am Fong geet et hei wuel awer éischter, oder esouguer vläicht just an ausschliisslech, em ee ganz privaten, ganz ideologeschen, ganz fundamentalisteschen a laangfristeg ausgeluechten Kräizzuch géint d‘ Juegd an haaptsächlech d ‘Jeeër. Et geet awer sécher net em eng gutt Léisung, geschweich dann em Wëssenschaft. Wann et anescht wier, kéint ee soen: Katholicken haassen an awer e begeeschterten Kräizzuch feieren ass haut absolut kee Widdersproch méi - soit. De Naturschutz als hellegt Argument huelen an duerno de Contraire erreecht hunn. Et ass jo interessant fest ze stellen dass vun do wou d ’Juegd ëmmer verdäiwelt gouf, elo ob eemol d ’Propaganda vum Contraire kennt, well elo ob eemol géif nach net genuch geschoss ginn.

Et gëtt zu Rëmerschen déi allzäit bekannten Baggerweieren, déi virun siechzeg, siwwenzeg Joer lues a lues entstanen sinn wei ob deene Platzen opgehale gouf Muselsand eraus ze baggeren, well eng Exploitatioun eben do net méi méiglech war. Haut sonner Zweifel eng eenzegaartegt Plaz an der Natur an haaptsächlech fir d ‘Natur. De Muselsand gëtt haut an der Géigend exploitéiert. Doraus ergëtt sech also ganz evident, dass dat Gebitt – déi Weieren, ausschliisslech vum Mënsch geschafe goufen, dee Site absolut net natierlech ass, an den Ursprong absolut guer näischt mat Natur, geschweich dann Naturschutz, ze dinn huet. Nëmmen duerch d ‘Baggeren sinn déi Lächer entstane, déi sech duerno mat Waasser gefëllt hunn. Déi mam Bagger hunn also net ”vill zerstéiert“, mee a sech ”enorm vill geschaf“. D ‘Natur huet sech déi Lächer erëmgeholl an eppes Wonnerbares doraus gemaach; mee ouni d ‘Baggeren wier et dee Site esou nimools ginn. Dëst laang virun ideologesche Gesetzer, fir de Naturschutz an eng anscheinend “nei” a “besser” Dimensioun ze hiewen. Eppes ass awer och ganz kloer a muss ervir gestrach ginn, do wou haut de Sand gebaggert gëtt, entstinn haut keng nei Weiere méi, kee néie Biotop méi an och keen aussergewéinlecht Naturschutzgebitt. Dat muss nämlech haut Alles an en Zoustand vu virum Baggeren (wéi een deen “Ur-Zäitpunkt” dann och ëmmer definéiert a wéini dee genau war: haut, gëschter, zur Zäit vum Napoleon oder de Réimer, … misst emol gekläert ginn) zeréckversat ginn. Déi Lächer vun haut ginn also komplett zougeschott. Domat ass ganz evident dass wann dat gréngt Naturschutzgesetz vun haut, scho virun siwwenzeg Joer bestanen hätt, géif et d 'Baggerweieren zu Rëmerschen guer net ginn. Dëst zur Efficacitéit vu grénger Politik fir dee reelle Naturschutz. D ‘Realitéit „eenzeg a ganz aleng vum Mënsch geschaf“ gëllt iwwregens och nach fir aner ganz eminent Gebidder zu Lëtzebuerg an deenen de Naturschutz och extreem héich gehale gëtt. An och déi géif et mam legale Kader vun haut, ni méi an dëser Form ginn, resp einfach guer net ginn.

Zur Juegd allgemeng muss een och wëssen dass d ‘Recht ze joen a sech dem Proprietaire vum Terrain gehéiert. Dëst gëllt haut an esou laang eisen Droit civil eeben ob de Napoleon zeréckgeet an net ob de Karel vun Tréier z.B.. Well dat mam eenzelen Terrain, individuell net als Juegd ëmzesetze wier, ginn d ‘Proprietéiten a Lousen zesumme geholl an dann ginn déi ganz Flächen zesummen (Juegdlous - lot de chasse) un dee meescht biddenden Jeeër versteet. De Bauperimeter, Stroossen, ... léien zwar eventuell och an esou engem Lous, mee gehéieren net als Juegd dozou an do gëtt jo och net gejot. All Proprietaire, ausserhalb dem Perimeter kritt au pro rata vun senger Fläch, Joer fir Joer, säin Deel vun deem wat déi Stee abruecht huet, resp all Joer abréngt – ganz vereinfacht gesot.

De Wëldschued vum Wëld bezuelen alleguer d ‘Jeeër iwwert e Fong dee vun enger Taxe um Juegdschäin agespeist gëtt. (Ausser d’permis chasse service, do gëtt net an dee Fong abezuelt) Bei all Lous geet dee Fong bis zu enger Limite; wann dat net duer geet, bezilt all Piechter dee Schued deen doriwwer eraus geet, selwer. Et ass leider wichteg dat ëmmer erëm ze widderhuelen, well et gëtt ëmmer anescht suggeréiert. De Wëldschued bezuelen ausschliisslech d ’Jeeër, esouwéi si och déi eenzeg sinn déi fir d ’Notzung vum Terrain bezuelen.

Dat mam Juegdlous ass e Kompromëss zwëschent dem Droit civil an der Realitéit am richtege Liewen. Esou Saache sinn et fréier eben am Interêt vun der Léisung an der Allgemengheet ginn. Esou e Lous muss och bejobar sinn. D ‘Gesetz iwwert d’ Juegd vum 25 Mee 2011 ass dozou och kloer:
Art. 1er. La présente loi a pour objet de régler l’exercice de la chasse dans le respect de la gestion durable et écologique des populations de la faune sauvage classée gibier dans l’intérêt de la protection de la nature, de la diversité biologique et de la conservation de la faune et de la flore sauvage, ainsi que de la prévention des épizooties.

Art. 2. L’exercice de la chasse doit répondre à l’intérêt général et aux exigences d’un développement durable. Il doit contribuer à garantir la pérennité de la faune et de la flore sauvage et de leurs habitats naturels et garantir les activités sylvicoles et agricoles, en permettant une gestion des forêts proche de la nature et en prévenant les dégâts de gibier aux surfaces agricoles et sylvicoles.

De Commentaire des articles ass a sech och evident a kohärent :

Article 1 et article 2 :

La prise de conscience accrue des problèmes liés à l’environnement, notamment en ce qui concerne la perte de la diversité biologique, requiert un recadrage de l’exercice de la chasse selon les attentes de la société d’aujourd’hui et les exigences d’une gestion durable de la nature et du gibier en particulier.

Les articles 1 et 2 reprennent cette idée et tiennent compte des principes généraux dégagés de la motion de la Chambre des Députés.

Am Art 55. steet och nach Dëst: Le ministre peut ordonner l’organisation de chasses administratives dans un intérêt général, … – en cas de trop forte concentration de gibier causant ou risquant de causer des dommages excessifs; … .

De Stat wollt also sécher stellen dass gejot géif ginn an dréckt dat am exposé des motifs och esou aus: Articles 55 à 57: La chasse étant en principe reconnue comme d’intérêt général, le projet prévoit que dans des cas exceptionnels le ministre peut ordonner l’organisation de chasses administratives qui pourront avoir lieu sur n’importe quel terrain. … Cette mesure exceptionnelle qui doit respecter à titre préalable un certain formalisme protecteur des droits des parties en cause, pourra être exécutée sur les terres chassables, par exemple lorsque le locataire néglige d’exécuter le plan de chasse minimum.

Och doraus geet relativ kloer ervir wat d ‘Chamber wollt hunn, wéi se deen Text gestemmt huet.

De Fong vun deem legale Kader, fir dat ëmzesetzen ass jo d ‘Gesetz an dann all déi Reglementer déi dorop baséieren. Et ass also evident dass den „Exercice de la chasse“ vum Gesetz definéiert gëtt a beim Gesetz ufänkt. Logescherweis muss dann och de Rescht vun deem legale Kader dem Gesetz an dem Sënn vun deem Gesetz ënnerleien. D ‘Gesetz steet nun emol virun an iwwert engem règlement d‘exécution. De Probleem deen exzeptionell kann entstoen an deen och ze Rëmerschen méiglecherweis entstanen ass, ass dass d ’Exekutioun vum Gesetz, eben iwwert Reglementer; net ganz am Sënn vum Gesetz gemaach gëtt, hei e.a. vun den Art.1, 2, 55. Et muss een sech och d ‘Fro stellen ob am Deel vun der reglementairer Ëmsetzung net esouguer deelweis genau de Contraire gemaach gëtt vun deem wat am Gesetz steet a wat d ‘Gesetz wollt a sollt erreechen. Dat däerf an enger parlamentarescher Demokratie a sech net sinn, do gëllt aleng dat wat an der Chamber gestemmt gouf; net dat wat Verschiddener Loscht hunn, oder als hir Relioun, hir Missioun, oder wat och ëmmer empfannen. Eis sechzeg Deputéierter musse wëssen fir wéi eescht si wëlle geholl ginn.

 

2021 sinn alleguer d ‘Juegdlousen zu Lëtzebuerg an d ‘Stee gaangen, dëst nom Juegdgesetz vun 2011, an well d ‘Form vun verschiddene Juegdlousen geännert hat. (de loin net alleguer) Situatiounen um Terrain déi z.B. d’ Juegd behënnert hunn sollten domat korrigéiert ginn. Wann do awer Leit fiederféirend sinn déi emol kee Juegdschäin hunn, konnt ee vun dëser Demarche net Alles dierfen erwaarden. Et hätt een och just déi Lousen iwwer goe loossen kéinten, déi verännert gi waren, mee dat war wuel net „kollektivistesch“ genuch an am groussen Chaos konnt e méi „Ideologie ënnerjubelen“ an aner Fakte schafen.

Elo wär et schéin kennen d ‘Kaart mat de Lousen vun virun 2011 an déi no 2011 kennen ze kucken. Besser wier et se kennen ze vergläichen oder esou guer iwwert eneen ze leeën. De Kadaster huet dofir e wonnerbaart Instrument geschaaft mam Geoportail, wou een eng Abberzuel Kaarte ka fannen an och z.B. kann iwwert eneen leeën. Do kéint een och z.B. eng Kaart schafen wou ee gesäit wat fir Lousen sech verännert hunn, dat nennt een Transparenz.

Déi al Kaart vun de Juegdlousen hunn ech net méi fonnt, esou kennt dir se och elo net iwwert déi Nei leeën, fir se ze vergläichen. Honnis soit qui mal y pense. De Kadaster kann dat natierlech ouni Probleem an de Geoportail kéint et natierlech och. Et fënnt een um Geoportail Kaarten zeréck bis 1778 (Ferraris-Kaart) a natierlech ass de Bierger sech schonn doriwwer bewosst dass hien déi haut net méi hëlt wann hien sech wëll erëmfannen. De Kadaster ass also wuel bestëmmt net de Grond dass déi al Kaart „verschwonnen“ ass. Iergendeen huet awer sécherlech dofir gesuergt, dass déi Kaart net méi accessibel soll sinn, an dass een se och net méi soll kennen consultéieren, resp scho guer net iwwert eneen leeën. D ‘fadenscheinegt Argument ass wuel dass keen soll duercherneen kommen mat der „aler“ an der „neier“ Kaart vun de Juegdlousen. Fir wéi inkompetent halen hei Verschiddener de Bierger – soit. Dat wier mengersäits en Appell un de Minister fir senge Mataarbechter, esou frou wéi Wéineger och mat Transparenz sinn, den Optrag ze ginn fir op d'mannst déi al Kaart vun de Juegdlousen erëm accessibel ze maachen. Et ass awer och dovun auszegoen dass des Problematik an Aart a Weis, dem Minister wuel bis dato guer net bekannt ass.

Ceci-dit. Wat ass geschitt. Dat Lous zu Rëmerschen wou d 'Baggerweieren sinn (Lous 620) besteet quasi just aus all deene Weieren.
Dat huet gewëss Konsequenzen. Duerch dee flaachen Terrain, d ‘Musel, d ‘Landesgrenz, d ‘Waasserflächen, d ‘Duerf, déi wéineg Fläch ronderëm d ‘Waasser an déi haut ganz restriktiv Form, ass et relativ schwéier ze bejoen. (dixit Frank Wolter, deemools Direkter vun der Forstverwaltung, RTL, 29.05.2022: „Am Haff Réimech wat eent vun eisen wichtegsten nationale Naturschutzgebidder ass, Natura 2000 an  RAMSAR-Gebitt wou eng normal Juegd net méiglech ass, aus Sécherheetsgrënn an och net sënnvoll aus Naturschutzgrënn, wéinst massive Stéierungen wäert d‘ANF ob Basis vum Naturschutzgesetz Gestiounsmoossnamen huelen fir dem Probleem vum Wëllschwäin meeschter ze ginn. Mir envisagéieren do eventuell mat speziellen Falen ze schafen, änlech wei an der Zone Blanche wärend der afrikanescher Schwéngspescht an der Belsche“  (
https://www.rtl.lu/news/national/a/1920223.html - Min: 2:28)
(Zur RAMSAR-Konventioun:
Übereinkommen über Feuchtgebiete von internationaler Bedeutung, insbesondere als Lebensraum für Wasser- und Watvögel – Haff Réimech 313ha)
(Einfach ze behaapten do kéint ee net joen ass speziell, do ass Joerzéngte laang emmer an iwwerall gejot ginn.)
Dann, well quasi keng landwirtschaftlech Flächen an deem Lous sinn, gëtt et ob deem Lous par la force des choses och ganz wéineg Wëldschued. Dat ass jo och an der Press méi ewéi eng Kéier esou gesot ginn. Esou kascht et ee selwer näischt an et kann een als Piechter och ëmmer „argumentéieren“, bei eis um Lous kennen keng Schwäin sinn, well mir hu jo kee Wëldschued. (quasi eng démonstration oder en raisonnement par l‘absurde) Dann ënnerläit quasi dee ganze bejobaren Deel der Vulleschutzdirektiv Natura 2000 an eeben der RAMSAR-Konventioun iwwert Fiichtgebidder.
En plus ass och nach en Drëttel eng Zone protégée d‘intérêt national (ZPIN).

Wann een dann elo weess wéi wichteg de Naturschutz fir Vullen do ass a soll sinn, ass et jo kloer dass wann een d ‘Grenze vum Juegdlous verännert, een se esou hätt kéinten / missten nei zéien fir dass een d‘ Artikelen 1. an 2 vum Gesetz hätt kéinte méi einfach respektéieren. Grenzen sinn zwar verännert ginn, mee net an deem Sënn, éischter am Contraire. Et muss ee wëssen virun 2011, hunn Deeler, déi aktuell zum Lous 620 gehéieren, zu anere Louse gehéiert wou ma Erfolleg gejot gouf, Joerzéngte laang. Och de Rescht ass ëmmer bejot ginn.

Wat ass awer geschitt? Et ass een eenzegt Lous geschaaft ginn, wou all Noper eraus ass, wat am Fong (Strooss als Grenz) just d ‘Naturschutzgebidd ëmfaasst, fir dass am beschte Fall keng Juegd do soll kennen sinn, respektiv fir se maximal ze erschwéieren. Et wollt een also wuel ni do joen, mee verhënneren dass dat sollt sinn an dofir huet een sech beschtens ugeluecht. Leider vu vireran géint de Sënn vum Gesetz. Nach eng Kéier, fir dass keen et falsch versteet, et ass virdrun do Juegd ginn an et ass och do ëmmer gejot ginn. Et gëtt och bis haut e plan de tir. Am Lous 620 sollen an der Period 2024-2027: 80 Wëllschwäin geschoss ginn. Am plan de tir fir d ‘Period 2021-2024 sinn et 56 Wëllschwäin. De Bierger huet also missen dovun ausgoen, dass de Stat iergendwéi géif joen, soss hätt de Stat sech d ‘Schwäin jo kaum selwer an de plan de tir geschriwwen. An en hätt se och bestëmmt fir deen aktuellen plan de tir net och nach erop gesat. Haut ass gewosst et war wuel net méi wéi en Trick vun engem Täschespiller – elo sti Falen do.

Kloer war awer 2011 dunn och, dass dat néit Lous net méi un e Bierger sollt goen, dat ob enger Plaz wou Juegd extreem wichteg ass, fir dass z.B. d ‘Bodenbrüter eng Chance hunn. Méi speziell gëtt d ‘Situatioun wann ee weess dass deen Acteur, deen Grenze vun all deene neie Louse festgeluecht huet och deen Acteure ass deen haut ob dëser Platz do, de „Piechter“ ass. Et ass also mat koordinéierten Interêten an de pleine âme et conscience (juristesch: préméditation?) vu vireran eng Situatioun geschafe ginn an deeër et kloer war, dass Juegd um Lous net méi einfach géif ginn, dass kee Noper méi kéint intervenéieren, wuel wëssend dass de Biotop fir Vulle géif (massiv?) geschiedegt ginn, wann ee net géif joen. Säit dräi Joer ass eben do kee Bierger méi e Piechter a säit dräi Joer geet et wuel mam Bestand vu verschiddene Villercher erof a säit dräi Joer gëtt stolz verkënnegt dass do net gejot gëtt. Déi Fakten sinn bekannt a waren och virdrun bekannt, juristesch ass kloer wou Responsabilitéit fir den probabelen negativen Impakt op dat Naturschutzgebidd ze sichen ass, deen ee wuel misst “destruction de biotope” nennen. (Dass de Parquet sech dëser Saach unhëlt, dovun ass leider sécher net auszegoen) All dat do, wosst dir zwar net, mee dir bezuelt et awer. Ee Gebitt gëtt no allen erdenklech Forme geschützt (wat ganz gutt ass), fir et dann dank fundamentalistechem Juegd- a Jeeërhass, erëm a Gefor ze bréngen, voire ze schiedegen.

 

Et kennt keng Pacht vun engem Drëtten eran, mee fir déi Pacht elo, gi Steiersue geholl – eng Depense also, fir houfreg net ze joen, trotz der legaler Obligatioun. Wéi iwwregens dee Montant vun dëser Pacht do an ob anere Platzen iwwerhaapt zustan kennt, wou et jo keng ëffentlech Stee gouf, ënnerläit der selwechter Transparenz wéi d ‘Kaart vun deenen ale Lousen.

Bei dëser Juegd, wéi bei Aneren kennt fir d ‘Pacht kee Geld eran, mee do gëtt Geld aus dem Statsbudget geholl fir eng Pacht ze bezuelen an normalerweis d’ Juegd ze organiséieren. (Dir hutt dëser Deeg vläicht iwwert der Steiererklärung geschweesst, da wësst dir elo firwat) Och déi Aart a Weis sollt een emol enger rechtsstaatlecher Prozedur ënnerstellen an „d ‘Berechnungen“ opleeën, wéi déi Zuelen do zustane kommen. Dëst net fir eppes Schlechtes ze ënnerstellen, mee einfach fir sécher ze stellen, dass dat Alles am Interêt vum juristesch reellen Besëtzer vum Juegdrecht ass. Mir gesinn bei dësem Lous awer, dass de Stat emol net jot.

 

Et muss een dovun ausgoen dass scho bei der Konfektioun vun deene neie Juegdlousen, beim Lous 620, den Art. 1, 2 a 55 vum Juegdgesetz net wierklech Rechnung gedroe ginn ass. Et muss een hei erënneren dass dat Lous 620 (haut 341,35ha) och e ganz exzellent Biotop fir Wëllschwäin ass, wou et kloer ass, dass Juegd muss gemaach ginn, fir dass do keng Probleemer entstinn, um Lous selwer a bei de Noper (z.B. Wéngerten). E ass ganz kloer, e Wëllschwäin trëppelt net ob e Nascht vun engem Bodenbrüter, d ‘Wëllschwäin kuckt als éischt ob d ’Nascht net eidel ass, well dee „Snack“ mat oder ouni Schuel, geet fir e Schwäin ëmmer – dat ass déi biologesch Realitéit. Mat Intentioun, mat “préméditation” net ze joen ass also méiglecherweis eng grave Problematik erbäiféieren. Virum Remembrement ass do Joerzéngte laang gejot ginn an parallel huet sech d ‘Naturschutzgebitt entwéckelt. Rëmerschen ass deen allerbeschte Beweis dass Juegd an Naturschutz sech net nëmmen “net béissen” – au Contraire, et gëtt e géigesäitege Notzen. Wier vun Ufank un do net gejot ginn, wieren d ‘Bodenbrüter vläicht ni esou, oder guer net, opkomm.

Do muss een dann och nach erwänen dass am Juegdgesetz Folgendes steet: „ Art 21Tout lot de chasse doit avoir une contenance d’au moins 300 hectares. Pour le calcul de cette superficie minimale sont inclus les fonds bâtis, les fonds retirés, ainsi que les fonds où le droit de chasse est interdit, limité ou suspendu. …“ Et läit een also just neelech iwwert deem Wäert, wéinst deem a sech dee ganze Remembrement gemaach gouf (Lousen vu mindestens 300ha schafen). Méi grouss wier also kee Probleem gewiescht. Et ass also bal evident dass et wuel nëmmen een eenzege But gouf: ze verhënneren dass et do Juegd gëtt an en plus sécher stellen dass de Remembrement trotzdeem d’ Juegd net méi einfach mécht. Dem Direkter seng Wieder vun 2022 si jo awer a sech kloer.

Dat mat de Grenzen vum Lous wier a sech awer guer kee grave Probleem, well et jo och net onbedéngt der „main publique“ hier primär Aufgab ass, Jeeër ze sinn. (iwwregens och net hir sekondär Aufgab) Et gëtt Leit déi ginn sech fir d’ Juegd hir. Déi maachen dat am Prinzip am ganze Land, dat ganzt Joer, si maachen eng laang Formatioun mat engem Examen, déi investéiere ganz vill Zäit an si huele vill Geld fir d ‘Juegdpacht, d’ Juegd an de Wëldschued an de Grapp. Fir d ‘Period 1994-2003 waren dat aleng fir d ‘Juegdpacht pro Joer 4.140.691,90€ ; 2003-2012: 4.210.795,20€ a fir 2012-2021: 3.952.168,00€; déi un d ‘Proprietairë vun de Fläche ginn fir dass op hiren Terrainen däerf gejot ginn.

D ‘Juegd am Haff Réimech, wéi dat jo och nach heescht, ass vu verschiddene geographesche Realitéite betraff, dat ass gewosst a jiddereen ass dovun ausgaangen dass trotz dëser „komescher“ Konstellatioun déi de Stat do geschaf huet, awer gejot géif ginn an dass hoffentlech zesumme mat de Nopeschlouse géif gejot ginn - zesummen. Dat huet een och esou missen unhuelen laut deem wat z.B. den Claude Origer aus dem Ëmweltministère gesot huet. (dixit „ mir schwätze léiwer vu Bewegungsjuegden, si sinn absolut essentiel fir d ‘Ofschosspläng ze garantéieren, 80% vun de Wëllschwäin ginn ob Bewegungsjuegden geschoss …“ Haff Réimech: „mir versichen elo am Dialog mat de Nopeschlouse effektiv eppes ze maachen, d ‘Ministesch well och elo ab Januar eventuell gewëssen Usëtzmeiglechkeeten autoriséieren“)

(https://www.rtl.lu/news/national/a/2009918.html - Min 0:55). Hätt nëmmen een ob deen Mann do gelauschtert. „Zesumme mat de Noperen“, dann hätten d ‘Noper zwar nach ëmmer fir de Wëldschued vum Haff Réimech missten opkommen, mee et wier ob mannst gejot ginn. De Stat huet jo an de „Services conceptuels“ e Service „Faune sauvage et Chasse“ a keng cellule „Anti-Chasse“ oder eng Unitéit „Anti-Chasseurs“. Wien fir wat zoustänneg ass steet am Organigramme, soss brauch een dee net. D ‘Responsabilitéiten am juristesche Sënn sinn domat ganz kloer verdeelt. Dass de chef de service vun dëser Entitéit do kee Juegdschäin huet ass awer nëmmen de Schnéi ob der Spëtz vum Äisbierg.

- À suivre -