"Diktatoresch Politik géint Jeeër", esou d'FSHCL
Iwwerraschend gedam war d'Atmosphär op der AG vun de Jeeër zu Wäiswampech... trotz Kritik – e JO zu enger Zesummenaarbecht mat der Regierung...
Am Verglach mat de Jore virdrun war d'Atmosphär op der Generalversammlung vun de Jeeër zu Wäiswampech guer net schlecht. Trotz enger Rei Kritikpunkten un der Regierung schéngt eng Zesummenaarbecht tëscht béide Säite méiglech – allerdéngs dierft een, als Jeeërfederatioun net méi viru Faits accomplies gestallt ginn. Genee do läit der Jeeërfederatioun no nämlech d'Kromm an der Heck. Ëmmer nach? Schonn nees? Kommunikatioun ass kenger vu béide Säiten hir Stäerkt. Zum Beispill wann et ëm de franséische Juegdexame geet. Et wier ee virun e Fait accompli gesat ginn, wéi de 4. Abrëll an engem Bréif vum Ministère stoung, dass zënter dem 1. Abrëll de franséische Permis hei net méi unerkannt géif, seet de Jo Studer President vun der FSHCL.
Schlecht Kommunikatioun och a Saache Wëldschied: hei geet et ëm Geld, an ëm eng nei Lëscht mat Präisser, déi substantiell eropgaange wieren. Och hei hätt kee mat hinnen - dem Payeur - geschwat.
Haff Réimech dann – en Naturschutzgebitt, fir dat d'Jeeër net méi zoustänneg sinn, mee d'Naturverwaltung. Hei géif eng aner Form vu Juegd geplangt, nämlech d'Falejuegd, déi zënter Joren hei verbuede wier. Keen Déiereschutz, Naturschutz an och déi Gréng wieren hei net op d'Barrikade geklommen. Et wier eng Grausamkeet a si wiere strikt dogéint, iergert sech de Jo Studer.
De Frank Wolter, Direkter vun der Naturverwaltung confirméiert, dass heiriwwer nogeduecht géif. Wat an der Belsch, mat der Schwéngspescht, eng sanitär Mesure war, wier dës Kéier eng Naturschutzmoossnam. Am Haff Réimech, engem vun eise wichtegsten nationalen Naturschutzgebidder, wier eng normal Juegd net méiglech, souwuel aus Sécherheets- wéi aus Naturschutzgrënn. Fir do massiv Stéierungen z’evitéieren, géing d'ANF hir Gestiounsmesuren huelen, fir de Problem vum Wëllschwäin Meeschter ze ginn - speziell Fale wieren eng Méiglechkeet.
De Conseil Supérieur de la Chasse huet op d'Demande vun de Jeeër e Gestiounsplang Wëllschwäin diskutéiert, ee vun den éischten Opträg vun der neier Ministesch, un d'Naturverwaltung. Si, d'Ministesch, war net bis op Wäiswampech komm - d'Thema Fuuss och net...