Beweegungsjuegd – e Must, esou de Ministère
D'Jeeër verlaange vum Ëmweltministère an der Naturverwaltung ugepassten Ofschosspläng a verlängert Juegdzäiten.
Den Ëmweltministère reagéiert e Mëttwoch op eise Reportage vun en Dënschdeg iwwer d'Juegd. Am Kader vun enger Dreifjuegd am Oste vum Land hat de Juegdhär der Politik mat d'Schold ginn un der Iwwerpopulatioun vun de Wëllschwäin, engersäits well een nuets net dierft vum Héichsëtz joen, mee och well de Staat um Haff Réimech guer keng Juegte géing ofhalen an d'Schwäi sech dann an der ganzer Regioun géingen ausbreeden. Mat der neier Ministesch si mer a permanentem Dialog mat der Jeeërfederatioun, sou d'Äntwert aus dem Ministère, deen eng gewëssen Ouverture signaliséiert.
Et goung méi wéi eemol héich hier, op Jeeër-Kongresser. An der tëscht géif et dat neit Gesetz an am Verglach mam Ausland, manner Dériven, an et géif een eens mateneen. An: Jeeër a Ministère leien op méi wéi engem Punkt op enger Wellelängt. Éischtens, wat d'Noutwennegkeet vun enger Klapp – respektiv Dreifjuegd ugeet.
De Claude Origer, Conseiller am Ëmweltministère an zoustänneg fir d'Juegd, seet, si géife léiwer vu Beweegungsjuedg schwätzen. Dës wieren natierlech erlaabt a wieren absolut noutwenneg, fir d'Ofschosspläng ze garantéieren. 80% vun de Wëllschwäi géifen op Beweegungsjuegte geschoss ginn. Fir de Ministère géing d'Wuel vum Déier awer un éischter Stell stoen a wann et méiglech wier, Blessure bei den Déieren ze miniméieren, da géif een dat zesumme mat de Jeeër kucken ze realiséieren.
"Am Dialog mat...", eng Ausso, déi de Signatairë vun der Petitioun géint d'Klappjuegd kaum wäert gefalen. Et gouf iwwregens 2019 schonn esou eng Petitioun.
Dass d'Nuetsjuegd géif hëllefen, d'Wëllschwäi-Populatioun erofzekréien, wier e Fakt, allerdéngs wier se och bei de Jeeër selwer ëmstridden. Ganz nuets opmaachen, wuel kaum, mee d'Ministesch wéilt warscheinlech erlaben, datt en Nuetsiichtgerät, an deene Stonnen, wou et per Gesetz elo erlaabt ass, eng besser Schosssécherheet garantéiere soll, seet nach de Claude Origer.
Haff Réimech dann, joen deet de Staat jo do net. Zäitweis géifen et do effektiv ze vill Schwäin, kréie mer confirméiert, an dat wier eng Gefor fir d'Biodiversitéit. Et wier awer immens schwéier, do ze joen, heescht et aus dem Ëmweltministère. Och si wéilten d'Schwäin do reduzéieren. Mir iwwerhuelen hei eis Responsabilitéit, als Staat, sou d'Ausso e Mëttwoch. D'Verwaltung sicht no Optiounen an et géingen och nach Etüde lafen. Nieft usetze vläicht dann nach eng Beweegungsjuegd zesumme mat den Nopesch-Lousen.
Ausso vu Jeeër - Dreifjuegd op Schwäin wier noutwenneg
D'Jeeër verlaange vum Ëmweltministère an der Naturverwaltung ugepassten Ofschosspläng a verlängert Juegdzäiten.
Den Ament ass d’Dreifjuegd just nach fir d’Wëllschwäin op. Eng Zort Juegd, déi absolut noutwenneg wier, fir d'Populatioun erofzedrécken an d'Wëldschied am Greff ze behalen, esou d'Jeeër.
"Et gëtt ze vill Wëllschwäin". Eng Ausso, déi een ëmmer nees héiert oder liest. De Robert Frank, Juegdhär zu Elleng, seet, datt d'Wëld an de leschte Jore vill Friessen an der Natur a bei de Baueren op de Felder fonnt huet. D'Populatioune wieren dofir schwiereg, kleng ze halen.
Aktuell Méiglechkeete géifen net duergoen
Bis op sechs Wochen am Fréijoer ass d'Juegd op Wëllschwäi vum Héichsëtz erof ëmmer op, dat bis eng Stonn no Sonnenënnergang. Eng Stonn viru Sonnenopgank dierf dann nees geschoss ginn. Dat géif net duer, well d'Wëllschwäin wieren éischter nuets um Tour, esou d'Jeeër, a froen d'Naturverwaltung dofir méi Zäit.
D'Famill vum Robert Frank huet scho ganz laang Juegdlousen am Oste vum Land. D'Ofschosspläng, also wat laut Administratioun misst geschoss ginn, wieren hei allerdéngs bal net ze erfëllen, esou de Jeeër.
Aus den offiziellen Zuele vun der Naturverwaltung geet ervir, datt, op d'Land gekuckt, ee bei de Schwäin tëscht 2018 an 2022 bei 130 Prozent louch. Also méi geschoss gouf, wéi eigentlech virgesinn.
Am Osten hätt een e weidere Problem, d'Noperschaft mam Haff Réimech, e staatlecht Naturschutzgebitt, wou den Ament keng Juegd organiséiert gëtt. An der Period vum 1. Abrëll 2021 bis den 31. Mäerz 2024 sollen dem Ofschossplang no 56 Wëllschwäi geschoss ginn.