Fotosausstellung
De Paul Hilbert stellt zu Lenneng aus

De Greiweldenger Fotograf presentéiert 19 Fotoen op Toile, woubäi hie versicht, esouvill wéi méiglech Ofwiesslung aus sengem Repertoire ze weisen.
De Paul Hilbert ass mëttlerweil keen onbeschriwwent Blat méi, hien krut iwwer déi lescht Jore e puer national an och international Auszeechnungen.

Hien stellt vum 28. Mäerz bis de 26. Mee am Restaurant Wäistuff Leuck (6a rue de Canach) zu Lenneng aus (donneschdes bis samschdes no 18 Auer, sonndes no 11.30 Auer).

Am meeschte gelies