Wann och iech mat de Kanner doheem de Plaffong op de Kapp fält, proposéiert de Kannerbuttek en Trëppeltour iwwert de Kräizwee.

Wann dir vu Maacher oder Ëmgéigend sidd, proposéiert de Kannerbuttek Elteren an hire Kanner e speziellen Trëppeltour, op deem ee ganz bewosst de Kräizwee an d'Kräizkapell erliewe kann.

De Kannerbuttek schreift a sengem Communiqué: "Bleift bei den eenzelen aus Stee gemeesselte Statioune stoen, besënnt iech an denkt un all déi Leit, deenen et net esou geet, ënnert anerem  déi Krank, eeler Leit an déi COVID-19 Infizéiert."

Wann dir uewen um Kräizbierg virun der Dir vun der Kräizkapell ukomm sidd, da genéisst de Bléck iwwer d'Wéngerten erof op eis wonnerschéi Muselmetropol. An deem Moment iwwerkënnt iech ee Glécksgefill vu Fräiheet a léisst iech fir e puer Momenter déi schwéier Zäit, an där mir am Moment liewen, vergiessen. Duerno huet dir nees genuch Energie getankt fir mat neiem Optimismus an d'Zukunft kucken."

Et soll een heibäi awer net d'Direktive vun der Regierung aus den A verléieren, et soll sech natierlech och dann dru gehale ginn.